Eegebeweegung

Vu Wikipedia
Eegebeweegung vum Barnard Feilstär

Eegebeweegung, oder Pekuliarbeweegung (lat. peculiaris = eegen) bezeechent een an der Astronomie déi op reale raimleche Beweegunge grondleeënd visuell Positiounsännerung vu Stären an der geduechter Himmelskugel. Am Géigensaz zu der Parallax besteet eng weider Verännerung vun der Stäreplaz.

Eegebeweegunge goufen eréischt 1728 vum James Bradley verstanen, well si wéinst de grousse Stärendistanzen nëmme ganz lues geschéien. Bis dohin huet een allgemeng vu Fixstäre geschwat. Si ginn a Bousekonne pro Joer, Eenheet "/a, gemooss, an hu meeschtens d'Formelzeechen μ. De Christian Mayer huet am Joer 1777 eng Method virgeschloen, fir d'Eegebeweegung unhand vu Stären z'ënnersichen déi no beiennee stinn. Bei senge weideren Observatiounen huet hie 1779 tëscht méigleche physischen Duebelstären an opteschen Duebelstären ënnerscheet.

Dovun z'ënnerscheede si visuell Beweegungen an der Himmelskugel, déi op aner Weis erreecht gëtt:

  • Déi alljärlech Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn bewierkt eng Parallax. Dat heescht: Stären, déi no stinn verréckle sech op Grond vum ënnerschiddlechen Observatiounswénkel liicht virun dem Hannergrond géintiwwer Stären, déi méi wäit ewech sinn.
  • D'Schwankunge vun der Äerdachs, Prezessioun an d'Nutatioun, féieren zu enger gläichfërmeger Verrécklung vun der ganzer Himmelskugel.
  • D'Liichtvitess féiert zesumme mat der Äerdbeweegung zu der Aberratioun (Ofwäichung) vum Stäreliicht, well d'Äerd sech ënner dem afalende Liicht weiderbeweegt.

Dee Stär mat der gréisster gemoossener Eegebeweegung ass de Feilstär vum Barnard, dee sech mat 10,34" pro Joer beweegt an nëmme 6 Liichtjoer vun eis ewech ass. Am zweetséierste beweegt sech de Kapteyns Stär op der geduechter Himmelskugel, obwuel seng tatsächlech Vitess wéinst senger gréisserer Distanz méi héich ass. D'Eegebeweegung gëtt eng Wénkelvitess un. D'Vitesskomponent vertikal zum Wee Äerd a Stär errechent sech duerch d'Multiplikatioun mat dem Ofstand. Bei engem Ofstand vun engem Parsec entsprécht dat enger Vitess vun enger AE pro Joer oder d'Vitess vun der Äerd op enger Bunn ëm d'Sonn dividéiert duerch déi zweefach Kreeszuel. Fir d'Relativvitess zu der Äerd ass och nach d'Radialvitess ze beuechten.

Fir nieft dem Wénkelënnerscheed pro Joer och déi visuell Richtung vun der Eegebeweegung an der Himmelskugel unzuginn, ginn zwee Systemer gebraucht:

  • Nieft der Gesamteegebeweegung pro Joer gëtt zousätzlech ee Positiounswénkel vermierkt, als Ofwäichung vun der Nordrichtung. Dobäi ass Norden 0°, Osten 90°, Süden 180° a Westen 270°. Fir d'Beispill Feilstär vum Barnard gëtt dofir nieft μ = 10,34"/a nach de Positiounswénkel vun 355,8° uginn.
  • Déi total Eegebeweegung pro Joer gëtt aus deenen zwou Komponenten μ(RA) an μ(Dec) zerluecht; μ(RA) gëtt déi alljärlech Eegebeweegung a Richtung Rektaszensioun un, μ(Dec) a Richtung Deklinatioun. Fir de Feilstär vum Barnard heeschen d'Wäerter:
μ(RA) = -0,757"/a
μ(Dec) = 10,31"/a

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Mayer, Gründliche Vertheidigung neuer Beobachtungen von Fixsterntrabanten welche zu Mannheim auf der kurfürstl. Sternwarte entdecket worden sind, Mannheim 1778

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]