Positiounswénkel

Vu Wikipedia
De Positiounswénkel aß eng Richtungsangab um Himmel, bezunn op d'Richtung zum Himmelsnordpol.

Ënner Positiounswénkel versteet den Astronom eng Richtungsangab am Equatoriale Koordinatesystem (Rektaszensioun an Deklinatioun), déi sech op d'Richtung zum Himmels-Nordpol bezitt.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

De Positiounswénkel vun engem Objet 2, bezunn op den Objet 1, ass dee Wénkel, deen tëscht der Verbindungslinn déi vum Objet 1 op den Objet 2 fortgeet, an där déi vum Objet 2 op den Himmelsnordpol weist. E gëtt vun Nord iwwer Ost (also géint den Auerzäresënn) a vun 0° bis 360° gezielt.

Berechnung[änneren | Quelltext änneren]

Déi genannt Verbindungslinne sinn ëmmer Grousskrees-Ofschnëtter vun der Himmelskugel. Betruecht een dat duerch Objet 1, Objet 2 an den Himmelsnordpol gezeechent sphärescht Dräieck, sou léisst sech mat Hëllef vu Formele aus der sphärescher Trigonometrie eng Formel fir den an Objet 1 uleienden Dräieckswénkel ofleeden.

Hunnn d'Objeten 1 an 2 déi equatorial Koordinaten α1, δ1 resp. α2, δ2, sou kann de Positiounswénkel vum Objet 1 zum Objet 2 berechent ginn duerch[1]

Am Fall, wou béid Rektaszensiounen gläich sinn, ass de Positiounswénkel 0. Wann den Nenner vum Broch negativ ass, muss e bei d'Resultat 180° addéiert ginn, fir de Wénkel an de korrekte Beräich tëscht 90° an 270° ze bréngen.

Uwendungen[änneren | Quelltext änneren]

De Positiounswénkel hëlleft bei der Beschreiwung vun der relativer Lag vun zwéin Objeten oder vu Beweegungsrichtungen um Stärenhimmel a gëtt virun allem fir follgend Date gebraucht:

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Déi béid hënnescht „Këschtestäre“ vum grousse Won, Stärebild Ursa Major weise bekanntlech op de Polarstär. Den ieweschte „Këschtestär“, alpha UMa, huet d'Koordinaten α1 = 165,93° an δ1 = 61,75°. Den ëneschte Këschtestär, beta UMa, huet d'Koordinaten α2 = 165,46° an δ2 = 56.38°. De Positiounswénkel vum alpha am Rapport zum beta UMa huet dofir 2,4°; d'Verbindungslinn weist wéi erwaart bal genee no Norden a weist nëmme ganz wéineg no Osten. Ëmgekéiert steet beta am Rapport zum alpha UMa op engem Positiounswénkel vun 182,8°.
  • All Fixstäre beweege sech am Zuch vun der deeglecher visueller Ëmdréiung vun der Himmelskugel genee a Richtung vun engem Positiounswénkel vun 270°.
  • De Stär Algieba ass en Duebelstär. Säi Begleeder steet zurzäit an engem Ofstand vu 4,4Bousekonne vum Haaptstär an op engem Positiounswénkel vun 125 Grad.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. Meeus: Astronomical Algorithms. 2nd ed., Willmann-Bell, Richmond 1998, ISBN 0-943396-61-1, Kap. 17