Equatoriale Koordinatesystem

Vu Wikipedia
Equatoriale Koordinatesystem deen dréint
Uertsfesten equatoriale Koordinatesystem

Den equatoriale Koordinatesystem ass ee vun de geozentresche Koordinatesystemer, déi an der sphärescher Astronomie gebraucht ginn. E rotéiert entweeder mat der Himmelskugel (System dee rotéiert) oder ass un de Meridian gebonnen (uertsfeste System).

Am Géigesaz zum ekliptikale Koordinatesystem, deen als Bezuch dee vun der Ekliptik (visuell Joresbunn vun der Sonn um Himmel) beschriwwene Plang huet, gëtt de Plang vum Himmelsequator gebraucht.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Positioun vun engem Objet um Himmel gëtt duerch zwou Koordinaten uginn:

System dee rotéiert:

De Fréijoerspunkt verréckelt sech duerch d'Prezessioun lues géint de Stärenhimmel, wat ze beuechten ass.

Uertsfeste System:

  • Deklinatioun (Wénkelofstand vum Equatorialplang)
  • Stonnewénkel (Wénkelofstand vum Meridian)

D'Virzeeche vun der Deklinatioun trennt d'Himmelskugel an d'Nord- a Südhemisphär.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmrechnung tëscht de verschiddenen astronomesche Koordinatesystemer ass am Haaptartikel Astronomesch Koordinatesystemer beschriwwen.

Portal Astronomie