Sphäresch Astronomie

Vu Wikipedia

D'sphäresch Astronomie behandelt déi zweedimensional Vermiessung vum Stärenhimmel an där hir Berechnungen, Stäreplazen a kosmesch Bezuchsystemer. Et gesäit een also dovun of, datt déi verschidden Himmelskierper ganz ënnerschiddlech wäit ewech sinn, a behandelt d'Stäre wéi Punkten op enger geduechter „Himmelskugel“, déi d'Äerd ëmgëtt.

Basis vun der Astronomie[änneren | Quelltext änneren]

Déi wichtegst Resultater vu sphäresch-astronomescher Miessungen – déi am Wiesentlechen de geometreschen Deelberäich vun der Astronomie ofdecken – sinn d'Himmelskoordinaten Rektaszensioun an Deklinatioun vun de Stären an hir zäitlech Ännerungen. Dës Miessunge vu Stäreplazen a Vitesse sinn d'Basis vu Positiounsastronomie an hänken eng mat de Methode vun der Astrometrie an Trigonometrie zesummen.

Dës Form vun der Astronomie war bis wäit an d'Neizäit eran déi eenzeg méiglechst, well d'Distanzbestëmmung vun Himmelskierperen an hir Stralung virun dem 18. Joerhonnert kaum méiglech war. Mat dem Erfanne vum Teleskop krut d'sphäresch Astronomie ee ganz groussen Opschwong. D'Miessgenauegkeet huet sech vun 0,02° (visuell) op dat Zéngdausendstfach (ronn 0,01") verbessert a kann zanter ronn 100 Joer och bei ganz schwaache Stären a wäite Galaxië benotzt ginn.

Domat gouf d'sphäresch Astronomie Basis vun allen astronomesche Fortschrëtter – besonnesch an der Himmelsmechanik – a fir eis haiteg Kenntnis vum Opbau vum Universum. Déi gréisser Genauegkeet vun der Richtungsmiessung erlaabt den Astronomen, och d'Distanz vu wäite „Fixstäre“ ze bestëmmen (fir d'éischt 1838 duerch d'Miessung vum Bessel vun enger reegelméisseger Stäreparallax).

Bis 1870, wou sech no der Erfindung vu Fotografie a Spektralanalys d'Astrophysik etabléiert huet, hunn Astrometrie a sphäresch Astronomie de Groussdeel vun der wëssenschaftlecher Astronomie ausgemaach.

Entwécklung zanter 1900[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmorientéierung vun der Astronomie vu geometreschen op physikalesch Methode sinn enger Revolutioun vun der ganzer Astronomie gläichkomm, déi sech an hirer Populärastronomie an och am Bau vu villen neien Observatoiren agestallt huet.

Tëscht 1950 an 1975 war nëmmen ee Fënneftel vun den Astronomen u geometresche Methoden täteg, awer ëmmerhin hunn zanter der Entwécklung vun der Satellittegeodesie vill Geodeten un änlechen Theme geschafft. Dëst huet sech rapid geännert ëm 1990, wou d'Produktioun vun optoelektronesche Sensore méi bëlleg gouf an d'Potential vun CCD voll erfaasst goufen. An der Tëschenzäit gëtt et vollautomatesch Meridiankreesser an Astrometriesatellitten an eng weider Verbesserung vun der Miessgenauegkeet, déi zanter Hipparchos bis 0,001" reecht. Mat der Radiointerferometrie (kuckt VLBI)loosse sech Koordinaten nach méi genee a Verännerunge vun der Äerd bis an de Millimeterberäich bestëmmen. Dëst erméiglecht

a weider Verbesserungen op mindestens dat 10-facht duerch nei Satellitten a weltraumgestëtzte Miesskampagne wéi GAIA, Galileo an anerer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A.Schödlbauer, 2000: Geodätische Astronomie – Grundlagen und Konzepte., De Gruyter-Verlag Berlin/ New York.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]