CCD-Sensor

Vu Wikipedia
En héichempfindleche CCD-Sensor fir d'Astronomie

CCD-Sensore si liichtemfindlech elektronesch Bauelementer, déi um bannenzege Photoeffet berouen. CCD ass heibäi d'Ofkierzung vum engleschen Charge-coupled device, dat och am CCD-Sensor gebraucht gëtt.

Ufanks goufen am Joer 1969 CCDë fir d'Datespäicherung entwéckelt. Séier gouf gemierkt, datt déi Bauelementer liichtempfindlech sinn an et vergläichsweis einfach ass, en zweedimensionaalt Bild z'erfaassen. Schonn 1970 gouf sou een CCD-Sensor gebaut, an 1975 goufen déi éischt CCDe mat genuch Bildpunkte fir Televisiounskameraen hiergestallt. Zanter zirka 1983 ginn CCD-Sensoren als Bildsensoren an der Astronomie an an der Satellittewäitfuerschung agesat.

Zweedimensional CCD-Array-Sensore ginn a Videokameraen an an Digitalkameraen, eendimensional CCD-Zeilesensore ginn a Faxinstrumenter, Spektrometeren an a Scanneren agesat.

Fir d'Erfindung vum CCD-Sensor kruten de Willard Boyle an den George E. Smith am Joer 2009 den Nobelpräis fir Physik.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Nobel Prize in Physics 2009 (engl.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie