Spektrometer

Vu Wikipedia
Spektrometer aus dem Physikunterricht

E Spektrometer ass en Instrument dat et erméiglecht e Spektrum duerzestellen. Am Ënnerscheed zu engem Spektroskop bitt en d'Méiglechkeet, d'Spektren auszemoossen.

E Spektrum ass d'Intensitéit als Funktioun vun der Wellelängt, der Frequenz, der Energie oder – am Fall vun Elementardeelercher, Atomer oder Ionen – der Mass.
Wéinst dem Wellendeelchen-Dualismus sinn déi Gréissten dacks equivalent.

Beim optesche Spektrometer ginn d'Wellelängte vun der Stralung déi analyséiert gëtt, dacks doduerch ënnerscheet datt eng Richtungsoflenkung duerch Briechung an engem Prisma oder duerch Krëmmung an engem Gitter gemaach gëtt. Et ass och méiglech, d'Frequenzundeeler an engem Interferometer mat enger Fourieranalys ze bestëmmen (FTIR-Spektrometer).

Bei Deelchestralen an der Massespektrometrie gëtt en elektrescht (Stark-Effet) an/oder magnéitescht Feld (Lorentzkraaft) an den Zeeman-Effet fir d'Analyse gebraucht. Besonnesch bei schwéieren Deelercher kann awer och d'Fluchzäit an domat d'Vitess vun den Deelercher gemooss ginn.

Historesche Spektroskop

En einfacht optescht Spektrometer (vergläicht d'Bild riets) huet nëmme wéineg Bestanddeeler:

  • déi z'ënnersichend Liichtquell S;
  • eng Spléck F1, fir eng linnefërmeg Liichtquell ze kréien;
  • eng Lëns L1, déi dat divergent antriedend Liicht paralleliséiert;
  • e liichtbriechend Prisma P (oder -krommt Gitter), fir déi Stralung ofzelenken, déi analyséiert soll ginn;
  • eng zweet Lëns L2 um Stralaustrëtt (si mécht de Liichtpaack op den Ausgank);
  • en Okular („Teleskop“), fir de Spektrum direkt mat dem A ze kucken an ze vermiessen. Alternativ kann et mat weidere Lënsen op e Schierm oder Detekter projezéiert ginn.

Fir datt den Oflenkwénkel gemooss ka ginn, sinn L2 an d'Teleskop beweeglech a sëtzen op enger Skala (kuckt Goniometer).

Fir weider optesch Spektrometere kuckt och den Artikel Optesche Spektrometer.

Technesch Ëmsetzungen[änneren | Quelltext änneren]

Deelung vun engem Liichtstral an engem Prisma.
Verschidde Konfiguratioune vun engem Interferenz-baséierte Spektrometer: Reflexiounsoptik, Briechungsoptik, Faseroptik

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spektroskopie – Biller, Videoen oder Audiodateien