Spektroskop

Vu Wikipedia
Kirchhoff-Spektroskop

E Spektroskop ass en optescht Instrument, mat deem d'Liicht a säi Spektrum zerluecht gëtt a visuell ënnersicht ka ginn. Gëtt d'Liicht op en Empfänger geleet (Fotoplack, CCD-Sensor asw.), schwätzt ee vun engem Spektrometer.

Ee moderne Spektroskop huet en Agank-Schlitz, en Objektiv an en Amici Prisma aus Glas (oder en entspriechend Gitter). An d'Gesiichtsfeld gëtt meeschtens och eng Wellelängtskala agespigelt. Déi modern, bal ganz riicht Form krut de Spektroskop vum Angelo Secchi SJ ëm 1870.

Besonnesch villsäitege Gebrauch fannen d'Spektroskopen an der Astronomie. Duerch d'Observatioun vum Spektrum an der Bestëmmung vun der Spektralklass vu Stären, Galaxien oder aneren Himmelskierper loosse sech e puer vun hiren Eegenschafte bestëmmen – z. B. cheemesch Zesummesetzung, Temperatur, Rotatioun oder Magnéitfelder.

D'Spektroskopie gouf vum däitschen Optiker Joseph von Fraunhofer, deen 1814/15 donkel Spektrallinnen am Sonnespektrum entdeckt hat, erfonnt. Weider Zeeche vum 19. Joerhonnert um Wee zu der moderner Astrophysik waren:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spektroskopie – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • [1] (Astronom, Spektralklassen, Secchi, Bunsen, Sternentstehung …)
  • [2] (e puer Biller)