Liichtkraaft

Vu Wikipedia

An der Physik versteet een ënner der Liichtkraaft L déi pro Sekonn total ofgestraalt Energie, d. h. d'(Stralungs-) Leeschtung an alle Beräicher vum Spektrum. Si gëtt a Watt gemooss an an der Astronomie am Zesummenhang mat staarke Stralungsquellen an Eenheete vun der Sonneliichtkraaft uginn.

An der Astronomie ass d'Liichtkraaft eng Mooss fir d'Energieemissioun vun engem Stär a Form vun elektromagnetescher Stralung, déi vu senger Temperatur an dem Radius ofhänkt. Si gëtt an der ofgestraalter Energiequantitéit pro Sekonn uginn. D'Liichtkraaft vun der Sonn kann duerch d'Bestëmmung vun der Solarkonstant direkt gemooss ginn.

Liichtkraaftklassen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stäre ginn no hirer Liichtkraaft a Liichtkraaftklassen agedeelt.

Kuckt och: Hertzsprung-Russell-Diagramm, Haaptrei, Risestär

Liichtkraaft vun der Sonn[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Moosse vun der Sonnenastralung, bei där sech déi mëttels Solarkonstant zu 1367 W/m² ergëtt, kann d'Liichtkraaft L vun der Sonn sou bestëmmt ginn:

Op der Distanz R = 1 AE = 1,496•1011 m vum Sonnemëttelpunkt trëfft pro Sekonn op 1 m² Äerduewerfläch d'Energie 1367 J vun der Sonn an. Déi staamt vun enger winzeger Fläch vun der Sonnephotosphär

Déi total Stralung vun der Sonn duerchsetzt awer net nëmmen d'Fläch 1 m², mä déi ganz Kugeluewerfläch O vun enger Kugel ëm d'Sonn mat dem Radius R = 1 AE

.

Op all Quadratmeter vun dëser Fläch trëfft pro Sekonn eng Energie vun 1367 J an. Den Energieofzuch vun der ganzer Sonnenuewerfläch pro Sekonn ass also

.

Dëst ass déi mëttel Liichtkraaft vun der Sonn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]