Risestär

Vu Wikipedia
Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarfindex
Ordinate: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen, III: Risen, IV: Ënnerrisen, V: Haaptsequenz (Zwergen), VI: Ënnerzwergen, VII: Wäiss Zwergen

E Risestär oder Iwwerris (oder och einfach nëmme Ris) ass e Stär mat iwwerduerchschnëttlech groussem Duerchmiesser an iwwerduerchschnëttlech grousser Liichtkraaft, deen am Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) däitlech iwwer der Haaptrei läit.

Et ënnerscheet ee véier Aarte vu Risen:

  • Ënnerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass IV. Si sinn am HRD tëscht dem Risenaascht an der Haaptrei.
  • (Normal) Risen mat der Liichtkraaftklass III. Si maachen am HRD de Risenaascht.
  • Hell Risen, Stäre mat der Liichtkraaftklass II. Si sinn am HRD iwwer den normale Risen.
  • Iwwerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass I. Opgrond vun hirer nach héijer Liichtkraaft leie si am HRD nach iwwer den helle Risen.

A spéide Spektralklasse läit de Stralungsmaximum vu Risen am roude Spektralberäich. Si ginn dofir an dësem Stadium och als Rout Rise respektiv Rout Iwwerrise bezeechent. Entspriechend bezeechent ee Risen a mëttleren oder fréie Spektralklassen als Giel oder Blo Risen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie