Faarfindex

Vu Wikipedia

An der Astronomie ass de Faarfindex (FI) eng ursprénglech vum Karl Schwarzschild agefouert Moosszuel fir d'Faarwe vu Stären.

De Faarfindex ass haut allgemeng definéiert als d'Differenz tëscht der gemoossener Hellegkeet (Magnitude) vun engem Stär am kuerzwellege Beräich (bloelzeg) an der Hellegkeet am laangwellege Beräich (roudelzeg):

FI = m (kuerzwelleg) - m (laangwelleg)

Allgemeng gëllt: Wat de Faarfindex méi grouss ass, ëmsou méi rout erschéngt de Stär.

An de jeeweilege Bezuchswäerter fir de laangwellegen a kuerzwellege Beräich ënnerscheede sech déi verschidde Faarfindex-Systemer. Am heefegste gëtt haut d'UBV-System gebraucht nom Harold L. Johnson (1921-1980) a William Wilson Morgan. U steet fir d'Hellegkeet am ultraviolette Liicht mat der Schwéierpunktwellelängt vun 3650 Ångström, B steet fir d'Hellegkeet bei 4.400 Ångström (Blo) a V steet fir d'Hellegkeet bei 5.500 Ångström (Giel). V steet dobäi fir visuell, well dat mënschlecht A Stären am giele Beräich am beschte mierkt. Am UBV-System gi mat dëse Bezuchsgréissten dräi Faarfindexe geformt: U-B, U-V a B-V, woubäi B-V fir visuell Observateuren déi eng grouss Bedeitung huet an z. B. an de Stärekatalogen dacks ernimmt ginn.

Vergréissert gëtt d'UBV-System duerch d'UBVRI-System, an deem nach d'Hellegkeeten R fir d'Hellegkeet bei 7200 Ångström (Rout) an I fir d'Hellegkeet bei 9.000 Ångström (Infrarout) dobäi geholl ginn. Déi véier wichtegst Faarfindexe ginn dann aus de jeeweilegen ugrenzende Wellelängteberäicher geformt: U-B, B-V, V-R an R-I.

Beispiller:

E B-V-Faarfindex vu ±0,00 entsprécht der Faarf blowäiss (Stär Rigel), +0,09 ass wäiss (Stär Deneb), eis Sonn huet de Faarfindex vu +0,65 (giel), Beispiller fir d'Extreemt sinn de Rubinstär mat engem Faarfindex vu +2,06 (déifrout) a Spica mat –0,23 (blo)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie