UBV-System

Vu Wikipedia

Den UBV-System, oder Johnson-System oder Johnson-Morgan-System genannt, ass e breetbandege photometresche System.

D'Buschstawen U, B a V sti fir ultraviolett, blo a visuell Gréissteklassen, déi gemooss ginn, fir e Stär am UBV-System klassifizéieren ze kënnen.[1]

D'Wiel vum bloen Enn vum Spektrum war duerch Aschränkunge vum fotografesche Film bedéngt. De System gouf an den 1950er Jore vun den Astronomen Harold Lester Johnson a William Wilson Morgan agefouert. D'Filtere goufe sou erausgesicht, datt d'Haaptwellelängten den Äntwertfunktioune bei 364 nm fir U, 442 nm fir B a 540 nm fir V leien. Den Nullpunkt vum B-V- an U-B-Faarfindex gouf fir A0-V-Stären ausgesicht, déi net vum interstellare Rout betraff sinn.

Den UBV-System huet en Nodeel: Déi kuerz Wellelängten, déi den U-Filter begrenzen, gi vill méi duerch d'Äerdatmosphär begrenzt wéi duerch de Filter selwer. Dofir kënne sech déi observéiert Gréissteklassen duerch d'Héicht an duerch d'Zesummesetzung vun der Atmosphär änneren. Trotzdeem goufe vill Stäre mat deem System vermooss, dorënner vill hell Stären.[2]

Den UBV-System gëtt mam UBVRI-System vergréissert, an deem nach d'Hellegkeeten R fir d'Hellegkeet bei 7200 Ångström (Rout) an I fir d'Hellegkeet bei 9.000 Ångström (Infrarout) dobäi geholl ginn. Déi véier wichtegst Faarfindexe ginn dann aus de jeeweilegen ugrenzende Wellelängteberäicher geformt: U-B, B-V, V-R an R-I.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. L. Johnson und W. W. Morgan: Fundamental stellar photometry for standards of spectral type on the revised system of the Yerkes spectral atlas. In: The Astrophysical Journal. Band 117, 1953, S. 313–352
  2. Braulio Iriarte, Harold L. Johnson, Richard I. Mitchell und Wieslaw K. Wisniewski: Five-Color Photometry of Bright Stars. In: Sky & Telescope. Band 30, 1965, S. 21