William Wilson Morgan

Vu Wikipedia
William Wilson Morgan
Gebuer 3. Januar 1906
Gestuerwen 21. Juni 1994
Nationalitéit USA
Educatioun Washington and Lee University,
University of Chicago
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, American Astronomical Society, National Academy of Sciences

De William Wilson Morgan, gebuer den 3. Januar 1906 zu Bethesda, Tennessee; gestuerwen den 21. Juni 1994 war en US-amerikaneschen Astronom.

Hien huet um Yerkes-Observatoire geschafft. Säin Haaptaarbechtsgebitt war d'Spektralklassifikatioun. Zesumme mam Philip Keenan entwéckelt hien d'MK-System. Unhand vun Distanzbestëmmunge vun der O- a B-Stären huet hien zesumme mam Donald Edward Osterbrock an dem Stewart Sharpless d'Spiraläerm vun der Mëllechstrooss nogewisen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Och en Asteroid Nummer 3180 Morgan ass no him genannt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]