Ënnerris

Vu Wikipedia
Spektralklassen

En Ënnerris ass e Stär mat enger méi héijer absolutter Hellegkeet (Liichtkraaftklass IV) wéi en Zwergstär (Liichtkraaftklass V) vum selwechte Spektraltyp a mat enger méi klenger absolutter Hellegkeet wéi e Risestär (Liichtkraftklass III). Am Hertzsprung-Russell-Diagramm leien d'Ënnerrisen iwwer der Haaptrei, an där d'Zwergstäre sinn.

Et gëtt ugeholl, datt et sech dobäi ëm Stären handelt, déi hir Fusioun vu Waasserstoff zu Helium an hirem Kär grad ofgeschloss hunn. An de Stären, déi eng änlech Mass hu wéi eis Sonn, bewierkt dat en Zesummenzéie vum Kär, wouduerch d'Temperaturen am Stärekär uschwëllen. Den Temperaturopstig féiert zu der Kärfusioun vu Waasserstoff an enger Schuel (Mantel), déi de Kär ëmgëtt (Schuelebrennen). Dobäi schwëllt de Stär zu engem Ris un. Am Ufank vum Ënnerrisestadium ginn den Duerchmiesser an d'Liichtkraaft méi grouss. An dëser Phas killt e Stär weider of a seng Faarf ännert sech. E Beispill vun engem Stär an dëser Phas ass de Prokyon A.

Weider entwéckelt Ënnerrise, an enger Entwécklungsphas zu engem Risestär, hu méi grouss Duerchmiesser a méi niddreg Temperature wéi Stäre mat gläicher Mass an der Haaptrei (Haaptreienstäre, Zwergstäre). D'Gesamthellegkeet verännert sech wéineg wärend dem Ënnerrisestadium, en däitlecht Kennzeechen am Hertzsprung-Russell-Diagramm vu Kugelstärekéip.[1]

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Numm Mass Radius Liichtkraaft
Acrux 14 M 8,9 R 4.060 L
Miaplacidus M 5,7 R 210 L
Pollux 2,8 M 8,3 R 31,95 L
Praecipua 1,5 M 8,2 R 32 L
Prokyon A 1,5 M 1,86 R 7,73 L

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.seds.org/messier/xtra/leos/M5f4.html