Luesen onreegelméisseg verännerleche Stär

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Lues onreegelméisseg verännerlech Stäre si Risen oder Iwwerrise vun mëttlerem bis spéidem Spektraltyp a weisen an Ofgrenzung zu hallefreegelméisseg verännerleche Stäre keng oder nëmme kleng Unzeechen vu periodeschem Liichtwiessel.

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

Dës Stäreklass ass als verännerlech Stären definéiert, an deenen hirem Liichtwiessel keng bis héchstens kleng Unzeeche vun enger Periodizitéit observéiert ginn. D'Stäre sinn dacks nëmmen virleefeg an där Grupp klasséiert, well d'Observatiounsmaterial nëmmen e kuerzen Zäitraum iwwerdeckt an/oder nëmme verhältnesméisseg wéineg Observatione gemaach goufen an sech dofir d'Daten grouss gestreet sinn. Bei laangfristegen Ënnersich vum Liichtwiessel géifen d'Stären dofir méiglecherweis bei déi hallefreegelméisseg verännerlech Stäre geprafft ginn.

Nieft de Liichtbéi ënnerscheede sech déi béid Klasse vu verännerleche Stären och net systemesch an aneren Eegenschaften.

Ënnergruppen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Ënnergruppen vun den onreegelméisseg verännerleche Stären:

  • Lb: Lues onreegelméisseg Stäre vu spéidem Spektraltyp (K, M, C, S), woubäi et sech meeschtens ëm rout Risen handelt. Dës Ënnergrupp gëtt am General Catalogue of Variable Stars och rout verännerlech Stären zougeschriwwen, deenen hire Spektraltyp a Liichtwiessel net bekannt ass.
  • Lc: Onreegelméissege Liichtwiessel spéider Iwwerrise mat enger Amplitud vun iwwer 1 magFaarfindex V. Als Ursaach vum onreegelméissege Liichtwiessel gi grouss Konvektiounszellen ugeholl. Déi Hypothes gëtt vun d'Observatiounen ënnestëtzt, bei deenen d'Liichtbéi vun deene Stären nieft dem onreegelméissege Liichtwiessel dacks och zyklesch eng kleng Amplitud weisen.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]