Aldebaran (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Aldebaran)
Aldebaran
Den Aldebaran am Stärebild Taurus

Den Aldebaran ass de Stär α Tauri am Stärebild Stéier. Den Numm staamt of vum arabeschen الدبران ad-dabaran a bedeit den Nofollger, well de Stär de Plejaden um Himmel nozelafe schéngt. Hien ass en Deel vum Wantersechseck. Aner Nimm: Cor Tauri (Häerz vum Stéier), Parilicium, Palilicium

Den Aldebaran ass e Stäresystem op enger Distanz vun 68 Liichtjoer (20,90 Parsec). Hie gehéiert zu der Spektralklass K5 an der Liichtkraaftklass III. Seng visuell Magnitude ass 0,85 m, déi absolut Hellegkeet ass -0,6 m.

Den Aldebaran kann als ekliptiknoe Stär vum Mound bedeckt ginn. Bedeckunge vum Aldebaran duerch Planéite sinn zurzäit wéinst der Lag vun de Bunnkniet net méiglech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0):

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aldebaran – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen[änneren | Quelltext änneren]