Op den Inhalt sprangen

Hyperris

Vu Wikipedia
Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarfindex

En Hyperris (Liichtkraaftklass 0) ass e Stär mat gewalteger Mass a Liichtkraaft.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Hyperrisen hunn en änlech grousst Volumen wéi Iwwerrisen, sinn awer nach méi masseräich an zeechne sech duerch eng ganz héich Liichtkraaft aus. En ettlech Hyperrisen hu méi wéi 100 Sonnemassen, woubäi si am Ufank vun hirer Entwécklung souguer 200 bis 250 Sonnemassen enthale kéinten. Domat reeche si un d'Eddington-Grenz erun, eng theoreetesch Héchstgrenz vun der Stäremass, vun där e Stär sou vill Stralung entwéckelt, datt hie seng baussenzeg Schichten ofstéisst. Déi genee Mechanissem vun der Genesis an der Entwécklung vu sou masseräiche Stäre souwéi dem numeresche Wäert vun der Eddington-Grenz sinn Géigestand vun der aktueller Fuerschung[1].

Hyperrise si mat der dausend- bis milliounefacher Sonneliichtkraaft déi hellst Stären. Hir Temperature sinn awer ganz verschidden. Si reeche vun 3.500 K bis iwwer 35.000 K. Bal all Hyperrise weise Variatiounen an hirer Liichtkraaft. D'Grënn sinn Instabilitéiten an hirem Kär bei moderaten Temperaturen an héijem Drock.

Duerch de grousse bannenzegen Energieëmsaz liewen d'Hyperrisen nëmmen e puer Millioune Joer. Duerno explodéiere s als Supernova oder als (hypothetesch) Hypernova. Et gëtt ugeholl, datt en Hyperris e stellaart Schwaarzt Lach hannerléisst. E kéint awer och duerch eng besonnesch Form vu Supernova, der net stabeler Koppelsupernova komplett zerstéiert ginn.

Bekannt Hyperrisen

[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerrise sinn duerch hir Raritéit schwiereg z'observéieren an z'ënnersichen. Et schéngt fir déi méi kill, giel- oder routliichtend Hyperrisen eng iewescht Grenz vun hirer Liichtkraaft ze ginn. Kee vun hinnen ass mé hell wéi −9,5m absolut Hellegkeet. Dat ass ongeféier déi 500.000-fach Liichtstäerkt vun der Sonn. D'Grënn dofir si bis haut onbekannt.

Liichtkräfteg Blo Verännerlech (LBV)

[änneren | Quelltext änneren]

Déi masseräichst Objete vun den hellblo Verännerleche gehéieren zu der Grupp vun den Hyperrisen an zu den hellste bekannte Stären:

Blo Hyperrisen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Den Zeta-1 Scorpii, den hellste Stär vun der OB Zesummeballung Scorpius OB1 an e LBV-Kandidat.
  • Den MWC 314 am Stärebild Aquila, en aneren LBV-Stär.
  • Den HD 169454 am Stärebild Scutum.
  • De BD −14° 5037 an der Géigend vum Cygnus OB2.
  • Den Cygnus OB2 #12, dee verschidden Auteuren als LBV gesinn.
  • De QPM-241 am Quintuplet-Stärekoup am Stärebild Sagittarius

Giel Hyperrisen

[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Giel Hyperrisen 

Giel Hyperrise bilden eng extreem rar Klass vu Stären. Et si warscheinlech nëmmen e puer grouss Stären, déi net déi noutwendeg Mass hunn, fir Liichtkräfteg Blo Verännerlecher ze ginn. Si verännere sech kuerz virun hirem Enn zu Hyperrise mat enger gieler oder wäisser Phas.[2] An der Mëllechstrooss sinn nëmme siwen Objete bekannt:[3]

  • De Rho Cassiopeiae (7 Cas) am nërdleche Stärebild Cassiopeia ass ongeféier 550.000-mol méi hell wéi eis Sonn an 10.000 Liichtjoer vun eis ewech. Duerch seng aktuell Pulsatiounen ass hien e Kandidat fir déi nächst Supernova an eiser Galaxis.
  • De V509 Cassiopeiae (HR 8752)
  • De V382 Carinae (x Carinae)
  • Den IRC+10420 am Stärebild Aquila
  • en ettlech Stären am Westerlund 1
Gréisstenverglach vu bekannte Stären. Rout Iwwerrisen ainn am Bildofschnëtt Nr. 5 an Nr. 6

Rout Hyperrisen

[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun de masseräichste bekannte Stären ass den R136a1 am Tarantelniwwel vun der Grousser Magellanescher Wollek. Hien ass ongeféier eng Millioun Joer al, huet nach déi 265fach Mass vun eiser Sonn (vun ufanks ongeféier 320 Sonnemassen) a straalt zéng Milliounemol méi hell wéi eis Sonn. Den R136a1 ass en Deel vun engem Cluster vu jonken, masseräiche Risestären; d'Stärendicht ass do 100.000-mol méi héich wéi déi an der Noperschaft vun eiser Sonn.[1]

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Der Standard, Österreich, Hellster Riesenstern entdeckt
  2. Über Sterne: Zwischenstufen
  3. Der Gelbe Hyperriese Archivéiert de(n) 2008-01-03. Gekuckt de(n) 2013-02-08.