VY Canis Majoris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
VY Canis Majoris
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop. Si weist de Stär an d'Gaswollek, déi ronderëm steet.
Stärebild: Canis Major (CMa)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 07h 22m 58,331s
Deklinatioun − 25° 46' 03,17"
Visuell Magnitude + 8,08 mag
Spektralklass: M3 II/M4 II:
Verännerleche Stärentyp Hallefregelméisseg
verännerleche Stär
Astrometrie
Radial Vitesse: +49 km/s
Parallax zirka 0,67 mas
Distanz 3900 Lj
Absolut Hellegkeet zirka −3 mag
Physikalesch Eegeschaften
Mass: 30 bis 40 M☉
Radius: 1420 ±120 R☉
Liichtkraaft:  ? L☉
Uewerflächentemperatur  ? K
Aner Bezeechnungen
CD −25° 4441
Henry-Draper-Katalog HD 58061
Hipparcos-Katalog HIP 35793
SAO-Katalog SAO 173591
Tycho-Katalog TYC 6541/2525/1

De VY Canis Majoris (VY CMa) ass ee rouden Iwwerris. Dëse Stär ass ee vun der gréisste bekannte Stären.

D'Roberta M. Humphreys (2006) huet de Radius vun VY CMa op dat 1800- bis 2100-fach vum Sonneradius berechent. Wann eis Sonn mat sou engem Stär géif ersat ginn, da géif seng Uewerfläch nach bis iwwer d'Ëmlafbunn vum Saturn reechen.

Et gëtt zwou ënnerschiddlech Meenunge fir d'Zouuerdnung vum VY CMa. Déi eng Fuerscher (souwéi d'Roberta M. Humphreys's an hirer Aarbecht [1]) mengen, datt de Stär e ganz groussen an helle rouden Iwwerris ass. Anerer (sou d'Ënnersich vu Massey, Levesque a Plez [2]) kommen zum Resultat, datt de VY nëmmen en normale roude Ris ass.

D'Distanz zu der Aerd ass ongeféier 3.900 Liichtjoer).

Den Nummdeel „VY“ kënnt vun der Regel déi bei den Nimm vu verännerleche Stäre gebraucht gëtt, an no där de VY Canis Majoris den 43te verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Groussen Hond entdeckt gouf.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: VY Canis Majoris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]