Sonneradius

Vu Wikipedia

De Sonneradius gëtt an der Astronomie als Moosseenheet gebraucht, fir d'Gréisst vun anere Stären oder vu Planéiten unzeginn. De Sonneradius ass zirka 6,96 × 108 m = 696.000 km oder dat 109-facht vum mëttleren Äerdradius.

En typesche Verglach liwwert d'Äerd-Äerdmound-System: Den Ofstand Äerd-Mound ass am Duerchschnëtt 384.400 km oder 55 Prozent vum Sonneradius, d. h. wann d'Sonn amplaz vun der Äerd stéing, géif d'Moundbunn vollstänneg bannent der Sonn verlafen.

Vun der Äerd aus gesinn ass de visuelle Sonneradius ongeféier 16', de ganzen Duerchmiesser vun der Sonnescheif also 32' oder 0,53°. Wéinst der eppes elliptescher Äerdbunn variéiert dëse Wäert ëm 1,7 Prozent a béide Richtungen: am Perihel vun der Äerdbunn (Ufank Januar) sinn et 32'32", am Aphel (Ufank Juli) awer nëmmen 31'28". Well mir den Äerdmound an engem selwechte Wénkel gesinn, hu mer déi rar, awer beandrockend Erscheinunge vun totale Sonnendäischterten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie