Bouminutt

Vu Wikipedia

D'Bouminutt, och Wénkelminutt, ass de 60sten Deel vun engem Wénkelgrad. Si ass eng Ënnerdeelung vun der Moosseenheet Grad zu den Donnéeë vun der Gréisst vu flaache Wénkelen.

De Vollwénkel huet 360 Grad. E Grad besteet aus 60 Bouminutten: 1° = 60′. Eng Bouminutt besteet aus 60 Bousekonnen: 1′ = 60''; sou ass: 1° = 3600''.

Ze beuechten ass, datt, no dëser Definitioun, eng Bestëmmung a Bouminutten trotz dem selwechte Prefix „Bou-“ näischt mat enger Donnée vun der Boumooss ze dinn huet.

Analog zu normalen Donnéeë vun Auerzäite gi Wénkelen och an enger Schreifweis, déi Grad, Minutten a Sekonnen zesumme gebrauchen, uginn. De Wénkel gëtt dobäi als Zomm vun dräi Wénkelen duergestallt, woubäi d'Zuelewäerter virun de Minutten a Sekonne méi kleng wéi 60 sinn. Déi Schreifweis gëtt zum Beispill bei geographesche Koordinate gebraucht fir Längtegraden a Breetegraden unzeginn. 51° 14′ 4,2'' ass d'Schreifweis fir 51 Grad + 14 Bouminutten + 4,2 Bousekonnen.

Als Dezimalminutt bezeechent een eng Angab vun de Minutte mat Dezimalstellen amplaz Sekonnen.

D'Eenheetenzeechen fir d'Minutt besteet aus engem héichgestallte Stréch oder Komma: 1′ = 1 Minutt. Dat typographescht korrekt Zeechen am Unicode ass "PRIME", Code U+2032. Ersatzweis gëtt och e vertikale Stréch ( ' ) gebraucht. Op Schreifmaschinnen oder um PC gëtt dacks den Apostroph gebraucht. D'Eenheetenzeeche gëtt ouni Espace direkt hanner déi lescht Ziffer vum Zuelewäert geschriwwen.


Gréisstevergläich[änneren | Quelltext änneren]

Als Gréisstevergläich fir eng Wénkelminutt kann den Äerdmound als Beispill geholl ginn. Eisen Äerdmound erschéngt vun der Äerd aus gesinn an engem Wénkel vun ongeféier 30 Wénkelminutten.

Op der Äerduewerfläch entsprécht eng Bouminutt vun engem Äerd-Grousskrees ongeféier 1,85 km (speziell op der Equatorlinn definitiounsgeméiss eng Séimeil).

Net ze verwiessele sinn d'Wénkeleenheete Minutt a Sekonn mat den Donnéeë vun der Rektaszensioun a Stonnen, Minutten a Sekonnen an der Zäitmooss vun der Astronomie.