Hubble-Weltraumteleskop

Vu Wikipedia
Hubble-Weltraumteleskop, Foto vun der STS-82-Missioun

D'Hubble-Weltraumteleskop, Hubble Space Telescope, HST ass e Weltraumteleskop fir siichtbart Liicht, Ultraviolett- an Infraroutstrahlung, dat d'Äerd a 590 Kilometer Héicht an der Zäit vu 95 Minutten eemol ëmkreest. D'Teleskop gouf an Zesummenaarbecht vun der NASA an der ESA gebaut a gouf nom US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble genannt.

D'HST gouf de 24. Abrëll 1990 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-31 gestart an den Dag duerno aus dem Frachtraum vun der Discovery gehuewen. Nodeems e Problem mat engem vun den zwee Sonnepanéile behuewe war, gouf d'HST ausgesat.

En Teleskop baussenzeg vun der Atmosphär vun der Äerd huet grouss Virdeeler, well hir Filterwierkung op bestëmmte Wellelängten am elektromagnetesche Spektrum, zum Beispill am Ultraviolett an am Infrarout, entfält. Et trieden och keng Stéierungen duerch Loftbeweegungen op (Szintillatioun), déi bei terrestreschen Teleskopen nëmme mat groussem Opwand ausgeglach kënne ginn.

D'Bildqualitéit vum Hubble-Weltraumteleskop war an den éischte Betribsjoren duerch e Produktiounsfeeler vum Haaptspigel begrenzt, deen 1993 mat Hëllef vum COSTAR-Spigelsystem erfollegräich korrigéiert konnt ginn. Zanterhier gi mat Hëllef vum HST Biller gemaach, déi dacks eng staark Wierkung op d'Ëffentlechkeet hunn, an déi zu Resultater mat grousser wëssenschaftlecher Bedeitung féieren.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

D'Instrumenter vum HST sinn:

  • Wide Field / Planetary Camera 1 (WFPC1) 1990–1993. Déi éischt mat CCDs enger Kamera vum HST gouf schonn 1993 mam d'Nofollgemodell WFPC2 ersat, dat fir d'Korrektur vu Bildfeeler vum Teleskop ageriicht ass.
  • Faint Object Camera (FOC) 1990–2002. Déi fir schwaach Objeten optiméiert Kamera fir siichtbart an ultraviolett Liicht war eng Partizipatioun vun der ESA.
  • Faint Object Spectrograph (FOS) 1990–1997.
  • Goddard High Resolution Spectrograph (GHRS) 1990–1997.
  • High Speed Photometer (HSP) 1990–1993.
  • Corrective Optics Space Telescope Axial Replacement (COSTAR) zanter 1993. COSTAR ass keen eigentlech wëssenschaftlecht Instrument, mä eng Ariichtung fir d'Korrektur vu. COSTAR gouf an d'Plaz vun HSP agebaut. An déi nei Instrumenter no WFPC2 goufen entspriechend Korrekturelementer direkt agebaut.
  • Near Infrared Camera and Multiobject Spectrometer (NICMOS) zanter 1997. NICMOS huet Kameraen a Spektrometer fir dat not Infrarout bis 2,5 µm Wellelängt.
  • Space Telescope Imaging Spectrograph (STIS) zanter 1997, ass zurzäit ausser Betrib.
  • Advanced Camera for Surveys (ACS) zanter 2002. D'ACS ass dat meeschtbenotzt Instrument vum HST (am Juni a September 2006 ausgefall). Zanter dem 27. Januar 2007 nees ausser Betrib.

Den 12. Mee 2009 ass den Hubble-Weltraumteleskop vun den Astronaute reparéiert ginn. No neieste Miessunge vum Hubble-Weltraumteleskop ënner Leedung vum Space Telescope Science Institute an der Johns Hopkins Universitéit konnt d'Hubble-Konstant als Ausdehnungsquot vum Universums mat 74,2 km/s/Mpc elo méi genee wéi bis dato festgeluecht ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lars Christensen und Robert Fosbury: Hubble - 15 Jahre auf Entdeckungsreise. Wiley-VCH, Weinheim 2006, ISBN 978-3-527-40682-1, ISBN 3-527-40682-4
  • Daniel Fischer, Hilmar Duerbeck: Hubble: Ein neues Fenster zum All. Birkhäuser Verlag Basel, Boston, Berlin, 1995, ISBN 3-7643-5201-9
  • Daniel Fischer, Hilmar Duerbeck: Das Hubble-Universum: Neue Bilder und Erkenntnisse. Genehmigte Lizenzausgabe des Weltbild Verlages, Augsburg, 2000, Copyright Kosmos Verlagsgesellschaft (ehem. Birkhäuser), ISBN 3-8289-3407-2

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hubble-Weltraumteleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)