COS-B

Vu Wikipedia
COS-B

Den COS-B war e wëssenschaftleche Satellit vun der European Space Agency fir d'kosmesch Gammastralung ze studéieren.

Den COS-B gouf den 9. August 1975 mat enger Delta-Rakéit vun der NASA vun der Vandenberg-Base an eng staark exzentresch Äerdëmlafbunn mat 37 Stonnen Ëmlafzäit bruecht, a war bis de 25. Abrëll 1982 a Betrib. D'Haaptinstrument war e grousse richtungsopléisenden Detekter (Fonkekummer) fir Gammastralung tëscht ronn 30 MeV a 5 GeV Energie, zousätzlech war en Detekter fir Röntgestralung dobäi. Den COS-B war e Projet vun der ESA mat Bäiträg vun europäesche Fuerschungsinstituter.

Aus den Observatioune vum COS-B entstoung déi éischt Kaart vun der Gammastralung vun eiser Mëllechstrooss, den 2CG-Katalog mat 25 kosmesche Gammaquellen, an Ënnersich vun eenzelen Objeten, wéi vu Pulsaren an der éischter extragalaktescher Gammaquell 3C273.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)