Giotto (Raumsond)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Giotto (Sond)
D'Fuerschungssond Giotto virum Koméit Halley
Typ Fuerschungssatellit
Land Europa
Agentur ESA
COSPAR-Bezeechnung 1985-056A
Mass 960 kg
Gréisst 1,1 × 1,1 × 2,85 m
Start 2. Juli 1985, 11:23:16 UTC
Startplaz Centre Spatial Guyanais
Drorakéit Ariane 1
Status ausgeschallt : 23. Juli 1992
Offiziell Websäit [1]
Giotto: Adorazione dei Magi (ëm 1305)
Timber am Kader vun der Giotto-Missioun (Deutsche Bundespost 1986)

D'Giotto war eng europäesch, onbemannt Raumsond, déi 1985 fir d'Erfuerschung vum Koméit Halley an de Weltraum geschéckt gouf. Si war „déi éischt interplanetar Sond vun der ESA an déi éischt wëssenschaftlech Notzlaascht u Bord vun enger Ariane-Rakéit.“

Zweck vun der Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumsond Giotto vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) déngt der Erfuerschung vum Koméit Halley. D'Sond ass nom italienesche Moler Giotto di Bondone genannt. Hien hat de Koméit Halley am Joer 1301 observéiert an hat de Koméit als Stär vu Betlehem am Fresko mat den dräi hellege Kinneken duergestallt.

Ufanks sollt eng US-amerikanesch Partnersond d'Sond Giotto op der Rees begleeden, mä wéinst Budgetkierzunge bei der NASA gouf näischt doraus. Sou koum dann eng Kooperatioun mat der Sowjetunioun a mat Japan zustanen, déi mat der Vega 1 an 2 respektiv Sakigake a Suisei och Sonde fortgeschéckt hunn. Well d'Giotto ganz beim Koméit laanschtfléie géif, goungen d'ESA-Verantwortlech dovun aus, datt se de Rendezvous op wéinst dem „Bombardement“ mat Koméitendeeler, trotz engem robuste Schutzschëld, net iwwerliewe géif. Dofir goufen all wëssenschaftlech Daten live op d'Äerd iwwerdroen.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'Sond Giotto gouf den 2. Juli 1985 um 11:23:16 UTC mat enger Ariane-1-Rakéit vun der europäescher Weltraumgare Kourou gestart. De Passage beim Halley war de 14. Mäerz 1986 um 00:03:02 UTC op enger Distanz vun nëmme 596 km mat enger Vitesse vun 68,7 km/s (247.320 km/h), wat duerch Bunnkorrekturen op Basis vu Miessunge vun den anere Sonde méiglech war. Iwwerraschenderweis hat d'Giotto den noe Laanschtfluch beim Koméit iwwerstanen, gouf awer 7,6 Sekonnen viru sengem nooste Laanschtfluch beim Halley schwéier getraff. D'Kamera an e puer aner Instrumenter waren direkt futti. D'Raumsond selwer, déi un d'wackele koum, konnt no 30 Minutten nees stabiliséiert ginn. D'Sond gouf op e Réckfluch op d'Äerd programméiert an duerno ofgeschalt.

Am Joer 1990 gouf d'Sond nees reaktivéiert. Genee 5 Joer nom Start huet d'Sond dann e Laanschtfluch bei eiser Äerd, den 2. Juli 1990 gemaach.

Den 10. Juli 1992 huet d'Sond en zweete Koméit, den Grigg-Skjellerup op enger Distanz vun 200 Kilometer, passéiert. Duerno gouf d'Sond nees op d'Äerd zréckdrigéiert an den 23. Juli 1992 definitiv ausgeschalt. Den zweete Fluch laanscht d'Äerd war den 1. Juli 1999.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Erkenntnesser iwwer de Koméit Halley[änneren | Quelltext änneren]

D'Fotoen déi d'Giotto opgeholl hat weisen de Kär vum Koméit Halley als afennossfërmegen, donkle Kierper mat enger Längt vu 15 km an enger Breet vu 7–10 km. Zéng Prozent vun der Uewerfläch sinn aktiv, dorënner si wéinstens dräi Gasausbréch op der sonnenzougedréiter Säit. D'Analysen haten erginn, datt de Koméit viru 4,5 Milliarde Joer aus Äis entstanen ass, dat un interstellare Stëbsdeelercher kondenséiert war. Zanterhir huet sech seng Form bal net verännert.

Dat ausgestoussent Material vum Koméit besteet aus 80 % Waasser, 10 % Kuelestoffmonoxid, 2,5 % Methan an Ammoniak. De Rescht weist Spure vu Kuelewaasserstoffer, Eisen an Natrium.

Mat enger Albedo vun nëmmen 0,04 ass de Kär vum Koméit méi däischter wéi Kuel a gehéiert zu den donkelsten Objete vum Sonnesystem, déi bis elo bekannt sinn. Seng Faarf léisst op ganz grouss ugelagert Stëbsdeeler op der Uewerfläch schléissen.

D'Uewerfläch vum Kär ass rau a poréis. Seng Dicht ass nëmmen 0,3 g/cm³ (ongeféier een Drëttel vun der Waasserdicht).[1]

De gréissten Deel vun den ausgestoussene Stëbsdeelercher huet ongeféier d'Gréisst vun Zigarettendamppartikelen an eng Mass am Beräich vun 10−20 kg bis 40x10−5 kg (10 Attogramm bis 40 Milligramm).

Vun der chemescher Zesummesetzung hier léisst sech de Stëbs an zwou Gruppen andeelen. Déi éischt, déi sougenannt CHON-Grupp besteet virun allem aus liichten Elementer wéi Kuelestoff (C), Waasserstoff (H), Sauerstoff (O) a Stéckstoff (N). Déi zweet Grupp weist dogéint Elementer op, déi typescherweis a Gestengs an a Mineraler fonnt ginn: Natrium, Magnesium, Silizium, Eisen a Calcium.

Opfälleg ass, datt d'Verhältnes vun de liichten Elementer zum Silizium deem vun der Sonn entsprécht. Et gëtt ugeholl, datt de Koméit Halley aus deem eelsten, net verännerte Material vum Sonnesystem besteet.

Erfolleger aus Siicht vun der Raumfaart[änneren | Quelltext änneren]

D'Giotto war no de béiden däitsch-US-amerikanesche Sonde vum Helios-Programm déi éischt „europäesch“ Sond.

  • D' Giotto war am nooste beim Koméit Halley laanscht geflunn an hat déi bescht Daten a Biller vum Koméit iwwerdroen.
  • De Laanschtfluch beim Koméit Grigg-Skjellerup war den nooste Koméitelaanschtfluch vun der Raumfaartgeschicht. Hien hat e Verglach vun dësem ale Koméit mat dem jonken, aktiven Halley erméiglecht. D'Giotto war déi éischt Sond, déi bei zwéi verschiddene Koméite laanscht geflu war.
  • D'Giotto war och déi éischt Sond, déi aus dem interplanetare Raum zréck bei d'Äerd koum an d'Äerd fir e Swing-by-Manöver benotzt huet.
  • D'Giotto war déi éischt Raumsond, déi während hirer Missioun zäitweis ofgeschalt war a sech selwer iwwerlooss gouf. Doduerch goufen Iwwerwaachungskäschte gespuert.
  • De Giotto gëllt als Virbild fir nei Koméitemissiounen. Sou konnt schon d'Koméitesond Rosetta an hire Lander Philae, déi den 2. Mäerz 2004 gestart gouf, vun de gesammelten Giotto-Erkenntnesser profitéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nigel Calder: Jenseits von Halley. Die Erforschung von Schweifsternen durch die Raumsonden Giotto und Rosetta (Originaltitel: Giotto to the Comets). Deutsch von Daniel Fischer. Geleitwort von Reimar Lüst. Springer, Berlin, Heidelberg und New York 1994, 234 (XVI) S., ISBN 3-540-57585-5
  • Hahn, Hermann-Michael (1985): Das Unternehmen Giotto. Geowissenschaften in unserer Zeit; 3(6); 173-180. (pdf 2,6 MB)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giotto – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)