Op den Inhalt sprangen

Koméit Halley

Vu Wikipedia
Koméit 1P/Halley
De Koméit Halley, eng Foto vum 8. Mäerz 1986 (W. Liller)
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 17,834
Perihel 0,586 AE
Aphel 35,082 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.967
Perihelduerchgank 5. Februar 1986
Mass 2 • 1014
Ëmlafdauer 75,32 Joer
Ëmlafvitess 54,57 km/s
Albedo 0,05 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 15,3 × 7,2 × 7,2 km
Entdecker Kaoru Ikeya, Zhang Daqing
Entdeckungsdatum
Aner Bezeechnungen

De Koméit Halley, zielt zanter laangem zu de bekanntste Koméiten. Hien ass liichtstaark a kënnt an der Moyenne all 76 Joer nees erëm. Fir d'lescht koum hien am Joer 1986 an d'Géigend vun eiser Äerd; säin nächste Rendez-vous ass am Joer 2061.

Babylonesche Käilschrëfttext mat Eenzelheeten iwwer d'Opdauche vum Koméit Halley an der Antiquitéit (BM 41462).
Duerstellung vum Koméit um sougenannten „Teppech vu Bayeux“, warscheinlech ëm 1070
Duerstellung vum Koméit um Fresko Ubiedung vun de Kinneken, vum Giotto di Bondone, deen tëscht 1304-1306 entstanen ass

„Den Halley“, wéi d'Astronomen hien nennen, ass e periodesche Koméit, deen all 75 bis 77 Joer d'Äerdbunn sou no passéiert, datt e gutt mat bloussem A ze gesinn ass. Wéi aner periodesch Koméiten – vun deenen de gréissten Deel eng Ëmlafzäit tëscht dräi an 20 Joer huet – verléiert hie bei jiddwer Perihel Material duerch Ausgasen, soudatt hie fir d'lescht (1985/86) manner Hellegkeet wéi erwaart entwéckelt hat.

Den „Halley“ huet eng laanggestreckt elliptesch Bunn, déi sech vum sonnennächste Punkt (Perihel) mat 0,586 AE tëscht de Planéitebunne vu Merkur a Venus bis zum sonnenwäitste Punkt (Aphel) mat 35,082 AE am Beräich vun der Neptunbunn erstreckt. D'Bunnschréi géint d'Ekliptik ass 162,262°. D'Ëmlafzäit variéiert tëscht 75 a 77 Joer, well d'Bunn zäitweileg vum Jupiter däitlech beaflosst gëtt.

Fuerschung an der Vergaangenheet

[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf nom Physiker Edmond Halley (16561742) genannt, dee wéinst senge Verdéngschter ëm d'Bunnbestëmmung vu Koméiten am Joer 1720 kinneklechen Astronom a Leeder vum Observatoire zu Greenwich gouf. 1705 hat den Halley entdeckt, datt deen am Joer 1682 observéierten Himmelskierper mat fréiere Koméitenobservatiounen an de Jore 1531 (beschriwwe vum Petrus Apianus) a 1607 (beschriwwe vum Johannes Kepler) identesch misst sinn, an hat de Rendez-vous fir d'Joer 1759 virausgesot.

Nodeem nach aner Fuerscher seng Berechnungen iwwerpréift haten, krut de Koméit den Numm „Halley“.

No dem Doud vum Halley koum de Koméit tatsächlech nees zeréck: Säin deemolege Rendez-vous gouf fir d'éischt de 25. Dezember 1758 vun de sächseschen Amateurastronome Johann Georg Palitzsch a Christian Gärtner observéiert.

Koméiten hunn d'Leit fréier ëmmer an Angscht versat, sou och am Joer 1910. Den 19. Mee, kuerz ier d'Äerd duerch de Schwäif vum Koméit goung, haten Astronomen doran dat gëftegt Gas Dicyan entdeckt.

Réckbléckend gouf am Laf vun der Zäit erkannt, datt de Koméit zanter 240 v. Chr. schonn op d'mannst 25-mol observéiert gouf. Eng vun den éischte bildlechen Duerstellunge vum Koméit fënnt een um Teppech vu Bayeux (ëm 1070), déi bekanntst ass vläicht déi vum Moler Giotto di Bondone (12661337), deen de Koméit am Joer 1301 gesinn hat an en als Stär vu Betlehem am Fresko Ubiedung vun de Kinneken an der Cappella degli Scrovegni duergestallt hat.

Koméitekär a Raumsonden

[änneren | Quelltext änneren]
Timber fir d'Giotto-Missioun (Deutsche Bundespost 1986)

De Koméit Halley war 1985 d'Zil vu fënnef Raumsonde vun der ESA, Japan an der Sowjetunioun, deelweis an internationaler Ofsprooch. Et gëtt ugeholl, datt Koméiten aus engem Gemësch vun Äis, Gestengs a Stëbs zesummegesat sinn, dat deelweis aus den Ufäng vum Sonnesystem staamt. dofir ass d'Fuerschung vun dësen Himmelskierper och zum Interessegebitt vu Kosmogonie a Kosmologie ginn.

Duerstellung vum Koméit um Missiounslogo vum feelgeschloene Fluch STS-51-L vum Space Shuttle Challenger

Vun de Sonden Giotto, Sakigake, Suisei, Vega 1 a Vega 2 war d'ESA-Sond Giotto (genannt no dem uewe beschriwwene mëttelalterleche Moler) déi wëssenschaftlech erfollegräichst. Hir war déi direkt Observatioun vum Kär gelongen. De Koméit hat sech op der Foto als en onreegelméisseg geformtent Objet mat Ofmiessunge vu ronn 15,3 × 7,2 × 7,2 km gewisen.

Meteorstréim

[änneren | Quelltext änneren]

Deelstécker vum Koméit Halley sinn och fir zwéi Meteorstréim verantwortlech, nämlech fir d'Orioniden, déi am Oktober all Joer optrieden, an d'Eta-Aquariden am Mee. Déi nëmmen e puer Milligramm schwéier Stécker hu sech am Laf vun der Zäit op der ganzer Koméitebunn verdeelt. Wann d'Äerd déi Bunn kräizt, verglousen Dausende Kärecher pro Dag an der Atmosphär als Meteoren oder „Stäreschnäizen“.

Portal Astronomie

Commons: Koméit Halley – Biller, Videoen oder Audiodateien