Zhang Daqing

Vu Wikipedia
Zhang Daqing
Gebuer 23. Oktober 1969
Nationalitéit China
Aktivitéit Astronom

Den Zhang Daqing (Chineesesch: 张大庆 Zhāng Dàqìng), gebuer den 23. Oktober 1969 an der Géigend vu Kaifeng, ass e chineeseschen Amateurastronom aus der Provënz Henan.

Den Zhang ass Matentdecker vun deem no him genannte periodesche Koméit 153P/Ikeya-Zhang an domat den éischte chineeseschen Amateurastronom, no deem e Koméit genannt gouf. Den Zhang baut seng Teleskope selwer an hat och de Koméit den 1. Februar 2002 mat engem selwer gebauten Teleskop entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]