Inklinatioun (Astronomie)
D'Inklinatioun oder Bunnschréi vun engem Himmelskierper ass an der Himmelsmechanik de Wénkel tëscht sengem Orbitalplang an engem Referenzplang.
D'Bunnschréi ass eent vun de sechs Bunnelementer vun de klassesche Bunnbestëmmungen a gëtt bal ëmmer mat i (fir „Inklinatioun“) bezeechnet. Zesumme mat dem Argument vum Knuet definéiert si d'Positioun vum Orbitalplang am Raum.
- Als Bezuch gëtt am Sonnesystem meeschtens de Plang vun der Äerdbunn (Ekliptik) gewielt, von deem d'Ëmlafbunne vun de grousse Planéiten an de Mounden nëmmen ëm e puer Grad ofwäichen.
- Fir (kënschtlech) Äerdsatellite wielt een als Referenz d'Satellitebunnelementer de mëtteleren Equatorplang vun der Äerd, geneesou wéi fir d'Bunnbeweegung vun Duebelstären. Si gëtt bei de leschte meeschtens als Positiounswénkel vun der grousser Bunnachs – relativ zum equatoriale Koordinatesystem (RA, δ) – uginn.
- D'Inklinatioune vun de Mounde vun den anere Planéiten am Sonnesystem ginn op den Equatorniveau vum Planéit bezunn, deen ëmkreest gëtt.
- D'Schréi vun enger Exoplanéitebunn gëtt géintiwwer der direkter Siichtlinn (woubäi Inklinatioun=0° heesche géif, datt mir d'System direkt vun uewe kucken, de Bunnpol also op d'Plaz vum Observateur weist, an d'Inklinatioun=90° heesche géif, datt mir de Bunneplang direkt op d'Kant gesinn.)[1]
Am Fall vu Keplerbunnen (nëmmen zwéi Kierper am Vakuum) ass se konstant an den Orbitalplang bleift a senger Ausriichtung ënner de Fixstäre stabil. Bei gravitative Stéierungen duerch drëtt Kierper kritt d'Argument vum Knuet kleng, deelweis periodesch Ännerungen. Dofir gëtt d'Bunnelement als eng Rei vun oskuléierenden Termen par Rapport zu enger Epoch uginn, also als zu engem bestëmmten Zäitpunkt gëlteg Näherungsléisung.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Zitat (vervollstännegt) aus: Astrolexikon: Inklination https://web.archive.org/web/20140527220307/http://www.planeten.ch/?lexikon=Inklination