Bunnelement
Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.
Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.
D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.
Elementer
[änneren | Quelltext änneren]D'Beschreiwung vun der Bunnkurv-Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:
- D'numeresch Exzentrizitéit ε.
- D'grouss Hallefachs a.
Doraus ofgeleet ginn:
- D'Hallefparameter p. Mat him ergëtt sech d'Parameterduerstellung vun der Keplerbunn: r(φ) = r(p,e).
- D'Periapsisdistanz rmin: Distanz vum Haaptscheet vum Brennpunkt.
- Den Exzentrizitéitswénkel Φ: Φ = arc sin(ε)
Lagelementer
[änneren | Quelltext änneren]D'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:
- D'Inklinatioun i: Dat ass de Wénkel vum Orbitalplang zu der Referenzfläch.
- D'Argument vum Knuet (Knuetlängt) Ω: De Wénkel vum Koordinatennullpunkt vun der Referenzfläch zum opsteigende Knuet.
- D'Argument vum Periapsis ω: De Wénkel vum opsteigende Knuet zu Periapsis.
Zäitbezuch
[änneren | Quelltext änneren]Den Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:
- Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:
Abgeleete Gréisste
- Mëttel Beweegung n: mëttelst Wénkelvitesse vun der mëttleren Anomalie M
Donnéeë vu Bunnelementer
[änneren | Quelltext änneren]D'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer.[1] Donieft gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:
- (a, e, i, Ω, ω, T), eng besonnesch fir d'Koméiten an d'Planéite vum Sonnesystem gëeegent Method
- (a, e, i, Ω, ω, M), fir de Pluto an d'Asteroiden, wéi se den Astronomical Almanac gebraucht[2]
- (a, e, i, Ω, π, L) gëtt ongeféier d'Planéitentheorie VSOP 82 op indirektem Wee.
- (n, e, i, Ω, ω, M), d'System vum NASA/NORAD Two Line Elements Format fir kënschlech Äerdsatellitten
Iwwersiicht
[änneren | Quelltext änneren]Bunnelement | Nëtzlechkeet | ||||
---|---|---|---|---|---|
Bunnelement | Bezuch | Symbol | Dimensioun | Ellips | Parabel / Hyperbel |
Exzentrizitéit | Form | e, ε | 1 | Jo | Jo |
Exzentrizitéitswénkel | Form | Φ | 1 | Jo | Nee |
Hallefparameter | Gréisst | p | Längt | Jo | Jo |
Periapsis | Gréisst | q | Längt | Jo | Jo |
Grouss Hallefachs | Gréisst | a, α | Längt | Jo | Nee |
Inklinatioun | Lag | i | Wénkel | Jo | Jo |
Argument vum Knuet | Lag | Ω | Wénkel | Jo | deelweis |
Argument vun der Periapsis | Lag | ω | Wénkel | Jo | Jo |
Mëttel Beweegung | Zäitverhalen | μ, n, V | 1 / Zäit | Jo | Jo |
Wénkelvitesse | Zäit-Plazverhalen | Wénkel / Zäit | Jo | Jo | |
Mëttel Anomalie | Bunnplaz | M | Wénkel | Jo | Nee |
Mëttel Längt | Bunnplaz | λ, L | Wénkel | Jo | Nee |
Radiusvektor | Bunnplaz | R | Längt | Jo | Jo |
Ëmlafperiod | Zäitbezuch | P | Zäit | Jo | Nee |
Periapsiszäit | Zäitbezuch | T, τ | Zäit | Jo | Jo |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4
- Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 55–102 (Websäit vum Astronomesche Büro, 3.Feb.2011)
- Jean Meeus: Astronomical Algorithms. Willmann-Bell, Richmond 1991, ISBN 0-943396-35-2
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Ëmlafbunn – déi zoue Keplerbinn