Epoch (Astronomie)

Vu Wikipedia

Als Epoch (vum griicheschen epoché, »Haltpunkt«) gëtt an der Astronomie en Zäitpunkt bezeechent, op dee sech d'Angabe vun Himmelskoordinaten, Bunnelementer oder Ephemeride bezéien.

Grondlagen[änneren | Quelltext änneren]

D'Epoch kann als e Moment verstane ginn, an deem e »Schnappschoss vum Makrokosmos« gemaach gëtt. Mat dëser Momentopnam ginn all relevant Zuelewäerter festgehalen:

D'Himmelskoordinate vun astronomeschen Objete baussenzeg vum Sonnesystem, besonnesch vu Stären, kënnen aus den op eng bestëmmt Epoch bezunnen Daten duerch Beuechtung vun der Prezessioun, d. h. der lueser Kreeselbeweegung vun der Äerdachs, an der Eegebeweegung vum Objet fir willkürlech Zäitpunkte berechent ginn. Dëst ass bei alle geneeë Moossen an der Astronomie an an der Geodesie vu Bedeitung, awer z. B. och fir Bunnberechnungen, Raumfaart an d'Ausriichtung vun Teleskopen.

Dofir gëtt déi Mëttelst Equinoxe (de Fréijoerspunkt) zu deem Zäitpunkt als Referenzpunkt vun alle Koordinate gebraucht an als Equinoxe um Datum oder Equinoxe vun de Koordinate bezeechent.

D'Standardepoch[änneren | Quelltext änneren]

Fir Miessdaten, déi zu verschiddenen Zäitpunkte gewonne ginn, mateneen ze vergläichen, gëtt eng Standardepoch definéiert an d'Equinoktium vun dësem Datum dréit als Standardequinoktium de selwechten Numm.

Fir dësen Observatiounszäitpunkt gi besonnesch genee Stärekatalogen opgestallt, déi e Fundamentalsystem (als Ugläich un en idealiséiert Inertialsystem) erméiglechen, wéi och all aner astronomesche Basisgréisste fir Raum, Zäit a Beweegung méiglechst prezis katalogiséiert. Op déi kënnen dann alle verännerlech Gréissten reduzéiert, d. h. vereenheetlecht ginn.

Déi momentan gebraucht Standardepoch ass J2000.0. Si entsprécht der Festleeung vum Fundamentalsystem fir den 1. Januar 2000 11:58:55,816 UTC = Julianescht Datum 2.451.545,0. De „J“ an der Bezeechnung vun der Epoch seet datt et sech ëm eng Julianesch Epoch handelt, déi zanter 1984 fir nei Daten i. d. R. gebraucht ginn.

Déi virdru gebraucht Standard-Epoch war B1950.0, woubäi de „B“ do fir Bessel-Epoch steet, déi vun ongeféier 1800 bis 1984 gebräichlech war.

Ëmrechnung[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Ëmrechnung an eng aner Epoch ass d'julianesch Joreslängt vu genee 365,25 Deeg ze gebrauchen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]