Fundamentalsystem (Astronomie)

Vu Wikipedia

D'Fundamentalsystem vun der Astronomie ass e geneeë Koordinatekader fir d'Positioune vun Stären an aussergalakteschen Objeten. An de leschte Joerzéngten hunn déi jeeweileg Kataloge vu Fundamentalstären déi bescht Ugläichung un den Inertialraum duergestallt – haut gëtt d'Fundamentalsystem nach méi genee iwwer Quasare realiséiert.

D'Basismiessunge goufe fréier nëmme visuell oder photographesch gemaach (kuckt klassesch Astrometrie). Haut spillt och d'Radioastronomie a Form vun engem prezisen Netz vu 500 Quasaren a senger Vermiessung duerch VLBI-Methoden eng entscheedend Roll.

Stärekatalogen als Datebank fir Fixpunkten[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Koordinatekader dréit sech den Dillendapp Äerd a kann doduerch a senge Beweegunge modelléiert ginn. De Kader gëtt a Form vun engem Stäreverzeechnes vun Honnerte vu sougenannte Fundamentalstären definéiert. Zanter Enn vum 19. Joerhonnert waren dat besonnesch:

Kuerznumm Stärenzuel Titel publ. Miessung Plazen Miessung Eegenbeweegungen Iwwerdeckung
Auwers, A., 1879 539 Fundamentalkatalog fir Zonenobservatiounen um nërdlechen Himmel 1879 Ø 1860 ~1850–1870 bis Dekl.= -10°[1]
Peters, J., 1907 925 Neien FK, Berliner Astr. Joerbuch no de Grondlage vum Auwers 1907 Ø 1880 1745–1900 bis Dekl.= -89°
FK3 873 Drëtte Fundamentalkatalog vum Berliner Astronomesche Joerbuch 1937 1912–1915 vun hei iwwer de ganzen Himmel,
mat Epochen 1900, 1950, 2000
FK3sup +662 (Zousazstären, Band II) 1938 Ø 1913 1845–1930
FK4 1535 Véierte Fundamentalkatalog 1963 Ø 1950
FK4sup 1111 Zousazstäre fir FK4 ~1965
FK5 1535 Fënnefte Fundamentalkatalog 1988 Ø 1975
FK5sup 3117 Zousazstäre fir FK5 1991
Hipp.[2] 118.000 Hipparcos-Katalog 1998 1989–1993 1989–1993
FK6 4150 Sechste Fundamentalkatalog 1999, 2000 Ø 1992

Himmel, Äerd an Äerdrotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Dës Koordinate gehéieren awer net nëmme fir d'Astronomen zum "deegleche Brout", mä och fir vill Wëssenschaftler, déi sech mam Planéit Äerd oder mat sengen Erscheinunge beschäftegen. Well zum Schluss ginn zum Beispill all geographesch Koordinate a souguer déi genee Zäitsystemer vun der Physik op astronomesch Richtungs- an Zäitmiessungen zeréck.

Datt Äerd- an Himmelskoordinaten zesummenhänken, léisst sech mat engem Bild liicht verstoen: Et kann ee sech d'Äerd als kugelfërmege stabile Dillendapp am Weltraum virstellen, deem seng Dréiachs zu engem Pol un enger geduechten Himmelskugel weist.

Mir sinn gewinnt, eis de Norden ëmmer "uewen" virzestellen, well mir d'"Weltachs" natierlech an d'Äerdachs leeën. Eigentlech ass dat näischt aneres wéi dat traditionellt geozentrescht System aus der Antiquitéit, mat deem eréischt de Kopernikus deelweis gebrach hat.

Wa sech elo d'Äerd als "Dillendapp" an dësem "Käfeg" aus ville Nopeschstären dréit, bitt sech un, de Breetekreesser änlech Kreesser op enger Himmelskugel géigeniwwer ze stellen.

Wärend sech awer d'Mënschheet fir d'Längtekreesser eréischt laangwiereg op de Nullmeridian vu Greenwich huet missen arrangéieren, bitt fir hiren astronomesche Pendant Rektaszensioun sech sou ee fërmlech un: De Fréijoerspunkt, op deem d'Sonn all Joer wa se vun der Südhallefkugel kënnt, den Himmelsequator passéiert.

Mathematesch ass de Fréijoerspunkt d'Schnëttlinn vum Equator mat der sougannter Ekliptik (Fläch vun der Äerdbunn resp. der järlech visueller Sonnebunn duerch d'Stärebiller).

Verännerlech Äerdachs[änneren | Quelltext änneren]

Dës fir Astronome praktesch Fläche sinn awer lues verännerlech. Sou wéi jiddwer Spillkreesel e bëssi tommelt, ass et och bei der Äerd – nëmme vill méi lues a méi reegelméisseg. Et nennt een dësen Effet Prezessioun a seng Dauer vun zirka 25.800 Joer e Platonescht Joer. D'Äerdachs beschreift an där Zäit e kloer definéierbare Kegel mat engem Ëffnungswénkel vu momentan 23,43°, wat een an der Tëschenzäit op 0,01" (0,000005 %) genee virausrechne kann. Dozou gehéiert och en zweeten Effet genannt Nutatioun – ee vum Äerdmound verursaacht "Zidderen" am Rhythmus vun 18,613 Joer (Nutatiounsperiod), dat och genee modelléiert ass.

Gemooss ginn déi Effete duerch speziell Instrumenter a Methode vun der Astrometrie an der Geodesie; déi wichtegst sinn d'VLBI (Very Long Baseline Interferometry, Richtungsmiessung no Quasaren), Weltraumlaser an GPS, souwéi äerdgebonnen de Meridiankrees an den Astrolab resp. d'PZT (Photographescht Zenitteleskop); déi béid leschtgenannt hunn am leschte Joerzéngt u Bedeitung verluer. Virun e puer Joer koum nach eng Aart Weltraumscanner dozou, de Satellit Hipparcos.

Dat hei beschriwwen astronomesch-geodetescht Modell vun der Äerd an hirer Bunn ass eist Fundamentalsystem vun der Astronomie – a stellt déi am Ament bescht Realiséierung vun engem Inertialsystem duer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den éischten FK (Auwers 1879) iwwerdeckt nëmme 60 % vum Stärenhimmel (bis Deklinatioun -10°).
  2. Hipparcos ass keen FK am strenge Sënn, mä gouf nëmmen dem FK5-System genee ugepasst an hat et 'verbessert'. Dat neit System (FK6) huet duerch d'Miessunge vum Astrometriesatellit (Hipparcos|1989–1993) wiesentlech u Genauegkeet gewonnen.