Nullmeridian

Vu Wikipedia
Den Nullmeridian (schwaarz)

Den Nullmeridian ass dee Meridian, dee vertikal zum Äerdequator steet a vum Nordpol bis zum Südpol an engem Hallefkrees verleeft, a vun deem aus d'geographesch Längt no Ost a West gezielt gëtt.

E gouf eigentlech arbiträr festgeluecht, dunn awer bei der Internationaler Meridiankonferenz vun 1884 an de Meridianplang vum Londoner Greenwich-Observatoire geluecht a gëtt dofir dacks och Greenwich-Meridian genannt (Meridian vum Flamsteed House vum Royal Greenwich Observatory). Bis dohi ware vill verschidden Nullmeridianen am Gebrauch.

Standardméisseg gëtt d'geographesch Längt vum Nullmeridian positiv no Osten gezielt (0° bis 360°), trotzdeem ass och ëstlech Längt (0-180° Ost) a westlech Längt (0-180° West) verbreet. Als Ofkierzunge ginn O oder E fir den Osten a W fir de Weste gebraucht. D'Symbol E (englesch fir „East“, frans. „Est“) ass deelweis och am Däitschen aktuell, fir eng Verwiesselung mat Null ze vermeiden. Op der Westhemisphär (v. a. an den USA) gëtt am Géigesaz zur internationaler Norm och déi westlech Zielung vun 0-360° gebraucht.

Den haitege Standard, de Meridian Null vum WGS84- an ETRS89/GRS80-Bezuchsystem, ass net un d'Äerduewerfläch gebonnen, mä e modelléierte Geodeteschen Datum, well d'Meridianen a geneeër Rechnung net uewerflächen-uertsfest sinn (Kontinentalverrécklung, Gezäitekräften. E verleeft am Greenwich-Park, gutt 100 Meter ëstlech vun der historescher Greenwicher „Touriste-Linn“ vum alen Observatoire.

Aféierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Längt vum Nullmeridian ass deen iwwer d'Pole gemoossene hallwen Äerdëmfank vum internationalen Äerdellipsoid, also 20.003,9 km. Mat sengem géintiwwer leiende Meridian, deen zum Beispill d'Wrangelinsel bei 180° (ouni Zousaz E oder W) schneit, ergänzt sech den Nullmeridian zu engem Grousskrees op der Äerd. D'Datumsgrenz verleeft deelweis (no bei de Polen an nërdlech vum Equator) genee op 180° Greenwich (Ofwäichunge resp. Ausname vum 180. Längtegrad sinn: an der Beringstrooss, bei den Aleuten (Alaska), a Kiribati, bei de Fidschi-Inselen, bei Tuvalu, bei Tonga a bei den neiséilänneschen Inselen Kermadec a Chatham).

Bis 1884, ier den Nullmeridian festgeluecht war, hat bal all europäescht Land säin eegenen Nullmeridian, meeschtens déi geographesch Längt vun der jeeweileger Haaptstad resp. där hirem Observatoire.

Wéi de Reesverkéier méi grouss gouf, besonnesch duerch d'Eisebunn, gouf e System noutwendeg dee fir all Land d'selwecht ass. Zudeem gouf et ëmmer méi wichteg, eng genee international Zäit (Weltzäit) ze hunn. Si ass als Lokalzäit vum Nullmeridian definéiert.

D'International Meridian-Konferenz vun 1884 zu Washington[änneren | Quelltext änneren]

Den historeschen Nullmeridian um Flamsteed House zu Greenwich (um Buedem an am Gebai markéiert).
Den nërdlechste Punkt vum Nullmeridian um Kontinent zu Villers-sur-Mer, Frankräich

Op der Internationaler Meridian-Konferenz de 14. Oktober 1884 zu Washington D.C. mat Vertrieder aus 25 Natiounen gouf dee Meridian, deen duerch Greenwich leeft, als Basis vum internationale Koordinatesystem agefouert.

Als Internationalen Nullmeridian goufe bei der Washingtoner Konferenz fënnef Méiglechkeeten diskutéiert:

  • de Paräisser Meridian, vum Observatoire vu Paräis: 2° 20' 14.025“ ëstlech vu Greenwich
  • dee schonn zanter der Antiquitéit bekannte Ferro-Meridian op haut 17° 40' 00" West
  • e méiglechen Nullmeridian bei den Azoren bei ongeféier 28° 0′ W
  • e méiglechen Nullmeridian am Pazifischen Ozean op haut 180° (Géigebou zum Greenwich-Meridian, entsprécht ongeféier der haiteger Datumslinn)
  • deen op den deemolege moderne Séikaarte meeschtens gebrauchte Greenwich-Meridian (deem säin heefege Gebrauch hat den Ausschlag fir d'Wal ginn).

Wärend der Konferenz hat sech erausgestallt, datt de Paräisser Nullmeridian keng Majoritéit géif fannen. Sou huet de Greenwich-Meridian sech schliisslech als Internationalen Nullmeridian mat grousser Majoritéit – bei Stëmmenthalung vu Frankräich – duerchgesat.

Verlaf vum Nullmeridian[änneren | Quelltext änneren]

De Greenwich-Nullmeridian geet um Festland duerch aacht haiteg Staaten an huet an den eenzele Länner follgend Längt:

Ausserdeem geet den Nullmeridian duerch:

Nullmeridian an Zäitmiessung[änneren | Quelltext änneren]

Déi mëttel Sonnenzäit um Nullmeridian gouf zäitgeméiss fir d'Weltzäit (GMT, Greenwich Mean Time), déi eréischt 1972 duerch déi koordinéiert Weltzäit (UTC) ofgeléist gouf. Déi orientéiert sech haut net méi un enger Uertszäit, mä – sou d'Benennung – koordinéiert déi kontinuéierlech Atomzäit mat der astronomesch gemoossener, déi d'Onreegelméissegkeete vun der Äerdëmdréiung an d'Sonnestänn zeréckspigelnden Universal Time. Den Ofgläich geschitt iwwer Schaltsekonnen. Um Nullmeridian ass d'Differenz vu mëttlerer Uertszäit an UTC haut net prezis Null.

Historesch Konzepter vun der Bezuchslinn vun den Äerdvermoossungsnetzer[änneren | Quelltext änneren]

  • Éischt Andeelung vun der Welt a Längten a Breete vum Hipparchos vun Nicäa (190–120 v. Chr.): Rhodos (seng astronomesch Observatiounsplaz)
  • De Claudius Ptolemaeus verleet en ëm 150 op déi westlech Grenz vun der déizäitlecher bekannter Welt: Isla del Meridiano (El Hierro oder Ferro, déi westlechst vun de Kanareschen Inselen, den anticken Hesperiden), an hat domat dee bis an d'20. Joerhonnert eragebrauchte Ferro-Meridian agefouert.
  • Arabesch Astronome leeden den Nullmeridian fir d'éischt duerch d'Westspëtzt vun Afrika, 1075 dann 10° westlech vu Bagdad.
  • Et gouf duerno ëmmer nees probéiert en ze verleeën, z. B. wéi 1427 d'Azoren a 1492 Amerika entdeckt goufen.
  • Am Abrëll 1634 gouf bei engem Geléiertekongress vun allen Séi-Natiounen d'Insel Ferro bestëmmt.
  • Vu 1718 u gëtt a Frankräich de Meridian vu Paräis gebraucht, a vu 1738 an England de Meridian vu Greenwich.
  • An Däitschland gëtt en 1885 iwwerholl, a Frankräich eréischt ëm 1900. An Éisträich-Ungarn gëtt e bis 1918 parallel mam ale Ferro-Meridian gebraucht.
  • Zanter den 1980er ass den Nullmeridian – an och 0° geographesch Breet, also den Equator, wéi och de geographeschen Nord- a Südpol – net méi äerduewerflächefest, mä an engem Referenzellipsoid iwwer d'Äerdgestalt ausgeriicht, iwwergeet also Effete vun der Kontinentaldrift, a vun de Gezäitekräften.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nullmeridian – Biller, Videoen oder Audiodateien