Azoren
Azoren | |
---|---|
![]() | |
Geographie | |
Land | ![]() |
Läit an/am | Nordatlantik |
Koordinaten: | 38° 30’ 00’’ N 28° 00’ 00’’ W |
Fläch | 2 333 km² |
Verwaltung | |
Statut | Autonom Regioun |
Demographie | |
Awunnerzuel | 250 018 (2014) |
D'Azoren (Portugisesch Ilhas dos Açores ("Huerinselen")) ass eng Grupp vun néng méi groussen an enger Rëtsch klenge portugiseschen Atlantikinselen, 1369 km westlech vum europäesche Festland (Cabo da Roca). Bis an Nordamerika (Newfoundland a Kanada) sinn et 1930 km. D'Inselen hunn zesummen eng Fläch vun 2 330 Quadratkilometer (eppes Klengs manner wéi Lëtzebuerg). São Miguel ass d'Haaptinsel.
D'Azore sinn administrativ eng autonom Regioun vu Portugal, d'Região Autónoma dos Açores, an domat en Deel vun der Europäescher Unioun. Ronn 250.000 Leit wunnen do. Geologesch gehéiere se zum Mëttelatlantesche Réck, op der Plackegrenz tëscht der Europäescher an der Afrikanescher Kontinentalplack. Déi westlechst Insele Flores a Corvo gehéieren zu der Nordamerikanescher Plack.
Inselen[änneren | Quelltext änneren]
Déi 9 gréisst Insele ginn an dräi Gruppe gedeelt:
- Grupo Ocidental (nordwestlech Grupp): Corvo a Flores.
- Grupo Central (zentral Grupp): Faial mat der Inselhaaptstad Horta, Pico, São Jorge, Graciosa an Terceira.
- Grupo Oriental (südëstlech Grupp): Santa Maria, d'Formigas, eng onbewunnt Inselgrupp, a São Miguel, déi gréisst Insel, där hir Haaptstad Ponta Delgada och d'Haaptstad vum ganzen Archipel ass.
De Vulkan Ponta do Pico op der Insel Pico ass mat 2.351 m den héchste Bierg vu Portugal.
Alleguer d'Insele hu vulkanesch Originnen.
Natur[änneren | Quelltext änneren]
Wéinst hirer isoléierter Lag gëtt et op den Azoren eng 70 endeemesch Planzenaarten . Wéinst dem fiichte Klima gëtt et eng üppeg Vegetatioun.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Administratioun[änneren | Quelltext änneren]
D'Região Autónoma dos Açores, ass an 19 Gemengen (pt:municípios) opgedeelt:
Klima[änneren | Quelltext änneren]
D'Azoren hunn en ozeanesch-subtropescht Klima, mat limitéierte saisonalen Temperaturvariatiounen. Zu Angra do Heroísmo sinn déi maximal Temperaturen allgemeng tëscht 16 °C am Wanter a 25 °C am Summer. D'Temperatur klëmmt seelen iwwer 25 °C, an den Hëtztrekord läit bei 29 °C am Juli 2003. De Volume vum duerchschnëttleche järlechen Nidderschlag klëmmt vun Ost no West a variéiert tëscht 700 bis 1.600 mm an engem Joer. Um Mont Pico - mat 2.351 m den héchste Bierg a Portugal - kann e bis zu 6.300 mm erreechen.
Den Archipel huet säin Numm dem Antizyklon vun den Azore ginn, engem Gebitt mat héijem Atmosphärendrock.[1]
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Azoren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Azores climate: average weather, temperature, precipitation, when to go. www.climatestotravel.com. Gekuckt de(n) 2021-08-30.