Atomzäit

Vu Wikipedia

D'Atomzäit oder TA fir (franséisch: Temps Atomique) ass eng Zäitskala, déi op der Atomsekonn baséiert. D'Realiséierung vun der Atomzäit erfollegt weltwäit bei ville Zäitinstituten an der Reegel duerch Cäsium-Atomaueren. D'Atomzäite vu verschiddenen Zäitinstituter droen zesummen zu der Internationaler Atomzäit (TAI) bäi. D'Koordinatioun vun der TAI ass Aufgab vum Internationale Büro fir Moossen a Gewiichter.

Souwuel Äerdrotatioun wéi och Ëmlafzäit vun der Äerd ëm d'Sonn ënnerleien, no mënschlechen Zäitmoossstief, klenge Variatiounen a loosse sech och net mat der néideger Genauegkeet moossen. Fir déi an der Technik an an der Naturwëssenschaft néideg Genauegkeet vun der Zäitmiessung z'erreechen, baséiert d'grondlegend Zäiteenheet, d'Sekonn, haut op enger atomarer Naturkonstant. Anerersäits sinn am Alldag Zäitskale vun Interessi, déi synchron zu der mëttlerer Sonnenzäit lafen, d. h. déi op der Äerdrotatioun baséieren. Wéinst bestëmmten Onreegelméissegkeete vun der Äerdrotatioun lafen Sonnenzäit an Atomzäit net synchron. D'Abweechung ass awer sou kleng, datt si am Alldag net optrëtt. Hei gëllt d'koordinéiert Weltzäit (UTC), déi d'selwecht wéi d'Atomzäit op der Sekonn baséiert, a wa se gebraucht gëtt (op Grondlag vun Observatioune vun der Äerdrotatioun) duerch Schaltsekonne mat der universeller Sonnenzäit (UT1) synchroniséiert gëtt.

Zäit / Auerzäit
(Sekonn)
Atomzäitskala
(Sekonn)
Astronomesch Zäitskala
Sonnenzäit
(Sonnesekonn)
Ëmlafzäit
(Ephemeridesekonn)
Atomzäit (TA)
International Atomzäit (TAI)
Lokal Zäit
Universell Sonnenzäit (UT1)
Weltzäit (UT)
Koordinéiert Weltzäit (UTC)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Atomzeit Atomzäit vun der Physikalesch-Technescher Bundesanstalt