Bureau international des poids et mesures

Vu Wikipedia
Gebai vum BIPM
Original-Logo vum BIPM

De Bureau international des poids et mesures (BIPM) oder (Internationale Büro fir Moossen a Gewiichter) ass eng International Organisatioun mat der Aufgab, e weltwäit eenheetlecht an eendeitegt System vu Moossen op der Basis vum Internationalen Eenheetesystem zur Dispositioun ze stellen.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

De BIPM gouf zesumme mat der Meterkonventioun den 20. Mee 1875 gegrënnt a schafft ënner der Opsiicht vum "Internationale Kommitee fir Moossen a Gewiichter" (CIPM). De Kommitee huet säi Sëtz am 'Pavillon de Breteuil' zu Sèvres bei Paräis, Frankräich. All véier Joer ass eng Generalkonferenz fir Moossen a Gewiichter (CGPM), bei där déi zentral Uleiesse vum BIPM entscheet ginn.

Fir d'Sécherung vun der Eenheetlechkeet vum Mooss- an Eenheetesystem koordinéiert de BIPM d'Duerstellunge vun der Eenheetenormale verschiddener metrologescher Staatsinstituter („National Metrological Institute“; kuerz: NMI). D'SI-Sekonn baséiert zum Beispill op enger atomarer Naturkonstant. Weltwäit stellen ettlech Zäitinstituter d'SI-Sekonn mat Hëllef vun Atomaueren duer, de BIPM iwwerhëlt den Ofgläich vun deene Duerstellungen. Bei Eenheeten, déi duerch e kierperlecht Normal definéiert sinn (oder waren), ass de BIPM driwwer eraus fir d'Versuerge vum Referenzkierper zoustänneg, zum Beispill vum Kilogrammnormal (Urkilogramm) a Form vun engem Platin-Iridium-Zylinder, oder dem bis 1960 als Meternormal (Urmeter) benotzten Platin-Iridium-Staf.

Internationale Kommitee[änneren | Quelltext änneren]

Den Internationale Kommitee fir Moossen a Gewiichter (franséisch „Comité international des poids et mesures“; kuerz: CIPM) setzt sech aus 18 Persoune vu verschiddene bäigetruedene Länner zesummen. Den CIPM huet all Joer eng Sitzung am BIPM.

Generalkonferenz[änneren | Quelltext änneren]

D'international Generalkonferenz fir Moossen a Gewiichter (vum franséischen: „Conférence Générale des Poids et Mesures“; kuerz: CGPM) ass dat héchst Organ vun der Meterkonventioun. Si gëtt am Ofstand vu véier bis sechs Joer ofgehalen. Hir gehéieren Delegéiert vun alle Staaten un, déi d'Statutte vum Kommitee ënnerzeechent hunn. Déi éischt Sitzung war am Joer 1889. Do goufe Meter, Kilogramm a Sekonn als international Basiseenheete (vergläichbar mat häitegen SI-Eenheeten) festgeluecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]