International Atomzäit

Vu Wikipedia

D'International Atomzäit oder TAI (franséisch: Temps Atomique International) ass eng Atomzäitskala, déi duerch Koordinatioun vun nationalen Atomzäiten (TA) ermëttelt gëtt.

Weltwäit droen iwwer 60 verschidden Zäitinstituter mat am Ament ronn 260 Atomauere zu der TAI bäi. D'Koordinatioun vun der TAI ass Aufgab vum Internationale Büro fir Moossen a Gewiichter.

Bei der TAI handelt et sech ëm eng Atomzäit, dat heescht, si baséiert op engem atomaren Zäitnormal, nämlech der SI-Sekonn. Domat kënnt et entspriechend zu enger Verrécklung tëscht der TAI an der Sonnenzäit. Well am Alldag éischter Zäitskale vun Interessi sinn, déi zu der Sonnenzäit synchron sinn, fënnt een d'TAI am Alldag ziemlech rar. Vu praktescher Bedeitung ass zum Beispill d'koordinéiert Weltzäit (UTC). Zum Zusammenhank tëscht Atomzäit an UTC kuckt och den Artikel Atomzäit.

D'International Atomzäit gouf esou festgeluecht, datt den Ufankszäitpunkt 1. Januar 1958, 0:00 Auer TAI der astronomescher Zäitskala UT1 bal d'selwecht ass.

Bezuch TAI – UTC[änneren | Quelltext änneren]

Als Folleg vun der méi lueser Äerdrotatioun geet d'UTC géigeniwwer der TAI no. Den 1. Januar 2017 war d'Differenz 37 Sekonnen. Duerch d'Asetzen vu Schaltsekonne an d'UTC vergréissert sech déi Differenz geleeëntlech. Déi lescht Schaltsekonn gouf den 31. Dezember 2016 mat der Sekonn 23:59:60 UTC bäigesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]