Sonnenzäit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sonnenauer un engem Kierchtuerm
Bekanntmaachung zu Uetersen fir d'Zäitëmstellung den 1. Abrëll 1893 vu Lokalzäit op Zonenzäit (MEZ)

D'Sonnenzäit ass d'Berechnung vun der Zäit, déi op der Positioun vun der Sonn am Himmel baséiert. Déi fundamental Unitéit vun der Sonnenzäit ass den Dag.

D'Moosse vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Dageszäit unzegi gëtt de Begrëff Lokalzäit an en etleche Bedeitunge gebraucht. Am dackste gëtt d'Lokalzäit als Alternativ zu der Zonenzäit gebraucht. Dëst ass dëi gesetzlech Zäit op enger Plaz, wéi zum Beispill enger Uertschaft oder enger Stad. Si gëllt op alle Plazen, déi zesummen déiselwecht Zäitzon formen. D'Zonenzäit an der Nopeschzäitzon ënnerscheed sech ëm ±1  Stonn.

Wann d'Dageszäit op de Sonnestand bezu gëtt, ass mat der Lokalzäit d'Sonnenzäit gemengt. Dës ass nëmmen op Plazen, déi op demselwechte Längtegrad leien, d'selwecht. Si ännert sech ëm 4 Minutten, wa sech d'geographesch Längt ëm 1° ännert. Et ënnerscheet een tëscht zwou Methoden, d'Zäit ze liesen:

  • richteg Lokalzäit (oder richteg Sonnenzäit): si ass déi onkorrigéiert Sonnenzäit, bei där et 12 Auer Mëtteg ass, wann d'Sonn am héchste steet;
  • mëttel Lokalszäit (oder mëttel Sonnenzäit): bei hir gëtt d'Moyenne vun der Sonnenzäit iwwer Jore gerechent.

Richteg Lokalzäit[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'Sonn am lokale Meridian steet (also exakt am astronomesche Süden an am héchsten op hirem Dagesbou), ass déi richteg Lokalzäit 12 Auer (Meridianduerchgank). Vum Nordpol bis zum Südpol ass um selwechte Längegrad déi selwechte richteg Lokalzäit.

Déi richteg Lokalzäit ass och déi Zäit, déi eng gewéinlech Sonnenauer uweist.

Opgrond vun der elliptescher Bunn vun eiser Äerd ëm d'Sonn souwéi d'Schréiegt vun der Äerdachs géint d'Bunnfläch vergeet awer déi richteg Sonnenzäit net gläichméisseg.

Mëttel Lokalzäit[änneren | Quelltext änneren]

Déi richteg Lokalzäit vergeet also ongläichméisseg. Wann ee sech eng Sonn virstellt, déi gläichméisseg duerch den Himmel leeft, kann een eng gläichméisseg Sonnenzäit (mëttel Sonnenzäit) berechnen. Si ass also d'Géigestéck zu der vun der reeller Sonn "gemaachener" richteger Sonnenzäit.

Déi gläichméisseg vergoend Zäit war ufanks nëmme fir astronomesch Observatioune vu Bedeitung. Hire Gebrauch gouf awer dunn och fir den Alldag selbstverständlech. Dozou hat déi mechanesch Auer bäigedroen, déi zwar am Ufank net genee gelaf ass, awer prinzipiell de gläichméissege Verlaf vun der Zäit gemooss huet. Haut gëllt si als Synonym fir déi gläichméisseg vergoend Zäit.

Dës gläichméisseg vergoend Zäit nennt ee "mëttel Zäit", wat sech och op déi mëttel Sonnenzäit bezitt. Dës léisst sech mat Hëllef vun enger Sonnenauer nëmme mat groussem Opwand moossen, kann awer aus der moossbarer richteger Sonnenzäit duerch Korrektur ermëttelt ginn.

Déi mechanesch Auer gouf um Enn vum Mëttelalter erfonnt a koum fir d'éischt als Tuermauer zum Asaz. D'Sonnenauer blouf bis an d'Neizäit era parallel am Gebrauch. Laang Zäit war een op si ugewisen, fir déi mechanesch Auer all Dag ze riichten. Laang gouf dru festgehalen, den Oflaf vun der Dageszäit enk mat dem Laf vun der Sonn ze verbannen. Déi enk Dageszäitbindung un eng Uertschaft huet eréischt gehënnert, nodeem wäit Reesen während engem Dag méiglech goufen.

D'Mëttelsonnenzäit wier mat der richteger Sonnenzäit identesch, wann d'Äerdbunn ëm d'Sonn exakt kreesfërmeg wier an d'Äerdachs vertikal zu der Bunnfläch stéing.

Op etleche modernen Sonnenauere gëtt den Zäitausgläich zum Beispill mat Stonneschläifen um Zifferblat, déi d'Form vun engem Analemma hunn, gemaach.

Zonenzäit[änneren | Quelltext änneren]

Mam Opkomme vun der Eisebunn am 19. Joerhonnert ass et méiglech ginn, grouss Strecken a kuerzer Zäit zréckzeleeën. Doropshin ass déi sougenannten "Eisebunnszäit" entstanen, well d'Bedreiwer an d'Passagéier et néideg haten, eng eenheetlech Zäitangab ze hunn. Ufanks war dat meeschtens d'mëttel Lokalzäit vun der Heemechtsgare, déi mat mechaneschen Aueren festgeluecht gouf. Spéider gouf et eng eenheetlech Landeszäit, déi meeschtens op der mëttlerer Lokalzäit vun der Landeshaaptstad baséiert huet. Esou gouf et zum Beispill eng Differenz vu 7 Minutten tëscht der "Berliner Zäit" an der "Münchener Zäit".

An Nordamerika sinn d'Eisebunne queesch iwwer der Kontinent gefuer, wat dozou gefouert huet, datt vergläichbar Zonenzäiten ugeluecht goufen. Domat hunn d'Passagéier vun der Eisebunn tëscht der amerikanescher Westküst an der Ostküst net méi eng eenzeg Lokalzäit benotzt; déi war onpraktesch well sech déi ërtlecher Sonnenzäite bis zu e puer Stonne konnte vuneneen ënnerscheeden. Et goufen Zäitzonen agefouert, an d'Passagéier hunn no an der Moyenne 15° Längegradënnerscheed hir Auer ëm eng Stonn musse verstelle.

Dës amerikanesch Praxis gouf op de Rescht vun der Welt applizéiert an an alle Staate si gesetzlech Zonenzäiten agefouert ginn, déi ënnerenee vergläichbar sinn.

Europa ass flächeméisseg e klenge Kontinent. Dowéinst gëllt a West- an Zentraleuropa, mat Ausnam vu Groussbritannien, Irland an Portugal, déi nämlecht gesetzlech Zäit. Et ass déi an der Zäitzon mat Bezuchslängegrad 15° Ost (MEZ). Si ass identesch mat der mëtteler Lokalzäit op Plazen mat dësem Längegrad.

Mëttegweiser[änneren | Quelltext änneren]

Déi Zäit, déi mat enger Sonnenauer ugewise gëtt, war eng laang Zäit déi geneest reproduzéierbar Zäitskala. Bis zum Ufank vum 19. Joerhonnert ware Sonnenauere gemengt, wann ee vun Auere geschwat huet.[1] Och nodeem sech am ëffentleche Gebrauch déi mëttel Lokalzäit duerchgesat hat, war een op d'Sonnenauer ugewisen. Déi mechanesch Aueren, déi d'mëttel Lokalzäit ugewisen hunn, waren ongenee. Et huet een e Mëttegweiser (Bild) gebraucht, fir si eemol den Dag no der mëttlerer Sonn ze riichten. De Mëttegweiser gouf fir Mëtteg gemooss an uschléissend korrigéiert op 12 Auer mëttel Lokalzäit.

No der Aféierung vun der Telegraphie gouf de Mëttagweiser net méi gebraucht. Vu zentrale Plaze goufen korrigéierend Zäitzeechen verschéckt. Déi haiteg Funkauere ginn automatesch mat héchstgeneeën Atomauere korrigéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bassermann-Jordan/Bertele: Uhren, Verlag Klinkhardt & Biermann, 1961, Seite 101