Meridianduerchgank
Als Meridianduerchgank gëtt an der Astronomie an an der Astrogeodesie dee Moment a Plaz um Himmel vun der Standplaz bezeechent, op där en Himmelskierper de Meridian (déi ërtlech Südrichtung) passéiert. Bei konstanter Deklinatioun erreecht den Himmelskierper an deem Moment vum Duerchgank och seng gréisst Héicht iwwer dem Horizont.
D'Moosse vu Meridianduerchgäng déngt v. a. der astronomescher Zäitbestemmung (kuckt Stärenzäit), der Längtebestëmmung an der geneeër Bestëmmung vu Stäreplazen. Dofir goufe speziell Instrumenter entwéckelt, wéi de Meridiankrees an d'Passageninstrument, vun deenen d'Stärenduerchgäng och automatesch registréiert kënne ginn.
E puer Methoden (z. B. Zirkummeridian) gebrauchen och Miessunge knapps virun an nom Meridiantransit.