Astrogeodesie
Ënner Astrogeodesie oder Geodetesch Astronomie versteet een déi Methode vun der Geodesie an Astrometrie, bei deene Miessunge vun Himmelskierper an aneren extraterrestreschen Ziler gemaach ginn d'Koordinatesystemer vun der Sphärescher Astronomie benotzt ginn.
Zentral Aufgab ass dobäi d'Bestëmmung vu Loutrichtunge (Loutofwäichunge) an anere Richtunge vum Äerdraum an engem äerdfeste Bezuchssystem. D'Positioune ("Plaze") vun den Himmelskierper sinn an engem zälesteschen oder Himmelskoordinatesystem festgeluecht oder ze bestëmmen. D'Bezéiung vun de béide Systemer hänkt mat der Stellung vun der Äerd am Weltraum zesummen, virun allem d'Äerdrotatioun.
Himmelskierper, déi a Fro kommen
[änneren | Quelltext änneren]- Fixstären, virun allem prezis vermoosse Fundamentalstären, a fir d'praktesch Geodesie
- besonnesch de Polarstär (Polaris, Pole Star)
- d'Sonn (ë. a. fir d'genee Orientéierung vu Vermiessungsnetzer)
- hell Planéiten an den Äerdmound
Weider ginn och Miessunge vu kënschtlechen Äerdsatellitten (Satellittegeodesie) a vu Quasaren (Kosmesch Geodesie) benotzt, well sech astronomesch Geodesie an Astrometrie eppes iwwerschneiden.
Dobäi ginn och verschidde Methode vun der Distanzmiessung a prezister Zäitmiessung agesat.
Bedeitung vun astro-geodetesche Methoden
[änneren | Quelltext änneren]D'Ziler vun dëse Miessunge si multiplex:
- Verbesserung vun den terrestresche Bezuchssystemer
- Bestëmmung vum Geoid (Astrogeoid, astr. Nivellement)
- Bestëmmung vu Strukturen an Dichten an der ieweschter Äerdkuuscht
- Versteifung a méi Genauegkeet vu Vermiessungsnetzer
- Orientéierung vun Polygonzich an der Ingenieurgeodesie
- Iwwerwannung vu Siichtbehënnerunge (Bauwierker, Bëscher, verluere Festpunkte)
- Onofhängeg Navigatioun duerch Astronomesch Standlinnen
- Bäiträg zum raumfeste Koordinatesystem an zu der
- lafender Bestëmmung vu Parametere vun der Äerdrotatioun.
Moossinstrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Déi benotzte Moossinstrumenter sinn – wéi an aner Deelgebidder vun der Geodesie – haaptsächlech Theodolite, Tachymeter a Quarzaueren, fréier och Vakuum-Pendelaueren a prezis Chronometer.
Doriwwer eraus och méi kleng bis mëttelgrouss Spezialinstrumenter aus dem Beräich vun der Astronomie an Astrometrie, déi entweeder visuell, fotografesch oder optoelektronesch schaffen:
- Astrolabien (z. B. Zeiss-Astrolab Ni2, Danjon-Astrolab)
- Zenitkamerae vun 20 bis 100 cm Brennwäit a kleng Zenitteleskope
- Universalinstrumenter
- Passageninstrumenter (bis zirka 1980) an Meridiankreesser
- Nei entwéckelt CCD-Instrumenter,
- Stereokomparatere fir d'Auswäertung vu Fotoplacken a Filmer; Instrumenter fir d'Fotogrammetrie
souwéi (iwwerschneidend mat der Satellittegeodesie an der Geophysik) en ettlech vun deenen hire Miessmethode, z. B. mat
- Satellittekamerae
- speziell Scanner fir Himmelskierper – kuckt z. B. Hipparcos
- Laser-Distanzmiessung zu äerdnoe Satellitten (SLR)
- deelweis Pseudoranging mat GPS an zukünfteg Galileo
- Radioteleskope fir VLBI (Very Long Baseline-Interferometry)
- Richtungs- a Mikrowelle-Bunnvermiessungen an der Raumfaart
- Gezäitependel fir Äerdgezäiten a Loutrichtungsschwankunge
- Astrogravimetresch Loutofwäichungs-Bestëmmung (kuckt Gravitéitsanomalie).
Bekannt Wëssenschafter
[änneren | Quelltext änneren]Wichteg Entwécklunge verdankt d'Astrogeodesie ë. a. follgende Fuerscher:
- Tycho Brahe, James Bradley,
- Friedrich Argelander, Friedrich Wilhelm Bessel, Carl Friedrich Gauß
- Friedrich Robert Helmert, Johann Palisa, Otto von Struve, Max Wolf,
- Wilhelm Embacher, Helmut Moritz, Karl Ramsayer, Albert Schödlbauer, Hellmut Schmid
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Héich Geodesie, Geoid, Gravimetrie
- Astronomesch Navigatioun, Ortung, Sonnestand,
- Astronomesch Refraktioun, Zenitdistanz, Stellartriangulatioun
- Fundamentalpunkt, Landvermiessung, Azimut, Loutlinn,
- Atomzäit, Baryzentrum, Weltzäit (UT), UTC, MEZ,
- Fundamentalsystem (Astronomie), FK4, FK6, Hipparcos-Katalog, ITRF
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Karl Ramsayer: Geodätische Astronomie (= Handbuch der Vermessungskunde. Bd. 2a). 10., völlig neu bearbeitete und neu gegliederte Ausgabe. J. B. Metzler-Verlag, Stuttgart 1970.
- Gottfried Gerstbach: Optimierung von Astrolab-Beobachtungen. In: Geowissenschaftliche Mitteilungen. Bd. 7, 1975, ISSN 1811-8380, S. 102–140.
- Albert Schödlbauer: Geodätische Astronomie. de Gruyter, Berlin u. a. 2000, ISBN 3-11-015148-0.
- Bobby Schenk: Astronavigation. Ohne Formeln – praxisnah. 10. Oplo. Delius Klasing, Bielefeld 2000, ISBN 3-7688-0259-0.