Friedrich Wilhelm August Argelander

Vu Wikipedia
Friedrich Wilhelm August Argelander
Gebuer 22. Mäerz 1799
Klaipėda
Gestuerwen 17. Februar 1875
Bonn
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences
Friedrich Wilhelm August Argelander

De Friedrich Wilhelm August Argelander, gebuer den 22. Mäerz 1799 bei Memel, a gestuerwen de 17. Februar 1875 zu Bonn) war en däitschen Astronom. De Bau vu villen Observatoiren an Europa gouf vun him geleet. Hien huet Verännerleche Stär ënnersicht an huet d'Bonner Duerchmusterung gemaach, déi hien an engem Stärekatalog zesummegefaasst huet. Fir hien z'éiere gouf den Asteroid (1551) Argelander no him genannt.

Aus sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Argelander gouf bei Memel an Ostpreisen gebuer. Säi Papp war e Geschäftsmann mat finnescher Ofstamung, seng Mamm war däitsch. No der Schluecht vu Jena an Auerstedt hat déi preisesch Kinneksfamill Berlin verlooss an huet sech zäitweis zu Memel opgehalen. De Krounprënz, a spéidere Kinnek Friedrich Wilhelm IV., war dacks am Elterenhaus vum Argelander zu Gaascht an hat sech mam Jong ugefrënnt.

Den Argelander huet d'Gymnasium zu Elbing besicht a vun 1813 un de Collegium Fridericianum zu Königsberg. 1817 huet hien e Studium an der Universitéit Königsberg opgeholl. D'astronomesch Virliesunge vum Friedrich Wilhelm Bessel, Leeder vum Observatoire Königsberg, hunn hie faszinéiert. 1820 gouf hien Assistent beim Bessel an huet hie bei der exakter Bestëmmung vu Stärepositiounen (Stäreplazen) ënnerstëtzt. 1822 promovéiert hie mat enger kritescher Ënnersichung vum John Flamsteed sengen Observatiounen. Am selwechte Joer verëffentlecht hien d'Schrëft „Untersuchungen der Umlaufbahn des Großen Kometen von 1811“, déi hien an de Fachkreesser a ganz Europa bekannt mécht.

1823 gouf eng Plaz als Observateur am Observatoire vun Turku (schweedesch: Åbo) a Finnland fräi. De Bessel soll fir déi Plaz ee vu senge fréiere Studente virschloen. Hien huet fir deen Job den Argelander virgeschloen. D'Rees a Finnland war gläichzäiteg och dem Argelander seng Hochzäitsrees; den 2. Mee 1823 hat hien d'Marie Sophie Charlotte Courtan bestuet. Den Observatoire vun Turku war eréischt just fäerdeg ginn, an nach net komplett ageriicht. Zum Instrumentarium hu gehéiert: ee ganz gudde Lënsenteleskop|Refrakter vum Fraunhofer mat 8 Zoll (20 cm) Ëffnung, deen als Duerchgangsinstrument benotzt gouf, an en Heliometer vum Fraunhofer. An den éischte Jore war d'Aktivitéit haaptsächlech op d'Observatioun vu Koméite geriicht. Nodeem hien 1827 ee Meridiankrees vum Ertel hat, huet den Argelander Stäre mat héijer Eegebeweegung ënnersicht.

De 4. September 1827 huet e Groussbrand Deeler vun Turku, an och d'Universitéitsgebäi zerstéiert. D'Universitéit gouf doropshin op Helsingfors (haut Helsinki) verluecht. Obschonn den Observatoire net sou staark vum Brand getraff gouf, ass trotzdeem d'Institut mat verluecht ginn. Am Joer 1828 ass den Argelander zum Professer op der neier Universitéit Helsingfors ernannt ginn. En neien Observatoire, dee gebaut huet misse ginn, hat scho beim Bauen Ulafschwieregkeeten, well d'Fëllement net gutt genuch war. Eréischt 1833 konnt den Observatoire seng Aarbecht reduzéiert ufänken. Den Argelander huet exakt Bestëmmunge vun den hellen zirkumpolare Stäre gemaach an huet aus der Beweegung vun 390 Stären d'Eegebeweegung vun eisem Sonnesystem berechent.

Bonn[änneren | Quelltext änneren]

1836 huet d'preisesch Regierung d'Ariichte vun engem astronomeschen Institut op der Universitéit Bonn beschloss. Eng Plaz als Direkter am Observatoire gouf dem Argelander ugebueden. 1837 ass hien dann op Bonn gezunn, an huet de Bau vum Observatoire virbereet. An där Zäit huet hien en ale Festungsbau um Rhäin fir seng Observatioune benotzt. Hien huet dann d'visuell Magnitudë vun allen, mat bloussem A siichtbare Stären, déi vu Mëtteleuropa aus ze gesi waren, bestëmmt. Hie beschäftegt sech grëndlech mat verännerleche Stären an entwéckelt déi spéider sougenannt Argelander-Stufeschätzungsmethod. Well de Bau vum neien Observatoire nëmme lues virugeet, riicht den Argelander ee klengen Observatoire nieft der Rhäinfestung op, wou hien ee Koméitesicher vum Fraunhofer mat 7,7 cm Ëffnung (3 preisesch Zoll) an enger Brennwäit vu 65 cm, opstellt. Vun 1841 bis 1843 bestëmmt hie mat Hëllef vun engem Assistent d'Positioun vu ronn 22.000 Stären.

Den neien Observatoire vu Bonn an der Poppelsdorfer Allee gouf Mëtt 1844 fäerdeg, an 1845 ageweit. An den nächste Jore goufen eng Rei vu Koméiten an Asteroiden observéiert. 1847 huet den Argelander déi héchst Eegebeweegung beim Stär Groombridge 1830 festgestallt. 1849 fänkt hie mat enger neier „Duerchmusterung“ vum Himmel un. Hien deelt den Himmel an 200 Zonen an a mécht bis de Mee 1852 23.250 Observatioune bei 17.000 Stären. All Positiouns- an Hellegkeetsbestëmmung gouf mat bekannte Stäre verglach, fir eng méiglechst héich Mooss u Genauegkeet z'erreechen.

Bonner Duerchmusterung[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchmusterung war nach net ofgeschloss, do huet den Argelander nach méi e grousse Projet ugefaangen. De Bessel hat sengerzäit d'Bestëmmung vun alle Stäre bis zu der 9. Gréissteklass virgeschloen, awer ni gemaach. Den Argelander huet do beschloss, déi „grouss Duerchmusterung“ ze maachen, woubäi all Stäre bis zu der 9. Gréissteklass vum nërdleche Stärenhimmel bis zu enger Deklinatioun vun 2° erfaasst solle ginn. Bis d'Joer 1863 huet den Argelander a seng Assistenten Adalbert Krüger an Eduard Schönfeld 324.198 Stären ënnersicht an hu Kaarte gezeechent. Eenzegt Hëllefsmëttel beim Opbau vun deem Wierk war en Teleskop mat enger Ëffnung vun 78 mm, an enger Brennwäit vu 630 mm mat enger néngfacher Vergréisserung. Dee Stärekatalog gëtt Bonner Duerchmusterung genannt.

Den Argelander war 1863 Matgrënner vun der däitscher Astronomescher Gesellschaft.

Am Summer 1874 krut den Argelander en typhusähnlecht Féiwer, seng Gesondheet gouf ëmmer méi schlecht an hien ass de 17. Februar 1875 gestuerwen. Hien huet seng Frau hannerlooss, mat där hien 52 Joer bestuet war. D'Koppel hat zwéi Jongen an eng Duechter.

1863 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. 1871 war hie Member vun der bayerescher Wëssenschaftsakademie.

Dem Argelander säi Graf um Alten Friedhof zu Bonn

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Op der Fassad vu sengem Gebuertshaus zu Memel gëtt mat enger grousser Plack un den Argelander erënnert. Zu Bonn ass eng Strooss no him genannt, an d'astronomescht Institut dréit och säin Numm, Argelander-Institut fir Astronomie.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Observationes astronomicae in specula universitatis Fennicae factae. 3 Bde. Helsinki (Helsingfors) 1830-32
  • DLX stellarum fixarum positiones mediae ineunte anno 1830. Helsinki 1835
  • Über die eigene Beweegung des Sonnensystems. Sankt Petersburg 1837)
  • Durchmusterung des nördlichen Himmels zwischen 45° und 80° nördlicher Deklination. Bonn 1848
  • Neue Uranometrie. Berlin 1843
  • Durchmusterung der Himmelszone zwischen 15° und 31° südlicher Deklination. In: Astronomische Beobachtungen auf der Sternwarte zu Bonn 1846-1852
  • Atlas des nördlichen gestirnten Himmels. Bonn 1857-1863: 40 Kaarten

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Wilhelm August Argelander – Biller, Videoen oder Audiodateien