Op den Inhalt sprangen

Alen Observatoire vu Bonn

Vu Wikipedia
Alen Observatoire vu Bonn
Typ Observatoire
Architekt(en) Peter Josef Leydel, Karl Friedrich Schinkel
Datum vum Bau 1840er
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Däitschland
Koordinaten 50°43'40,1"N, 7°5'51,4"O
Observatoire Bonn (1893
Observatoire Bonn

Den Alen Observatoire vu Bonn ass en historeschen Observatoire aus dem 19. Joerhonnert. E steet an der Südstad an der Poppelsdorfer Allee 47 a gouf vum Friedrich Wilhelm August Argelander gegrënnt. No sengem Ruff op d'Universitéit Bonn 1836 ass et him gelongen duerch seng Frëndschaft mat dem Preisekinnek Friedrich Wilhelm IV. en eegenen Observatoire ze bauen. Dëse gouf am Joer 1845 a Betrib geholl. Den Argelander huet vun hei d'Bonner Duerchmusterung duerchgefouert. De „Grousse Refrakterraum“ ass 1899 entstanen.[1]

Vun 1952 un, goufen e puer vun den Teleskopen an den neien Observatoire Hoher List an der Äifel geplënnert. 1973 ass d'Institut vum Observatoire zesumme mat den aneren astronomeschen Instituter vun der Universitéit op Endenich verluecht ginn. Se bilden hautdesdaags d'Argelander-Institut fir Astronomie. Zanter 1975 gëtt de Refrakterraum vum alen Observatoire vum Biergerobservatoire Bonn benotzt.[1]

Portal Astronomie

 Commons: Alen Observatoire vu Bonn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[änneren | Quelltext änneren]
  1. 1 2 Volkssternwarte Bonn Archivéiert de 27.09.2013. Gekuckt de 05.07.2011.