John Flamsteed

Vu Wikipedia
John Flamsteed
Gebuer 19. August 1646 jul.
Gestuerwen 31. Dezember 1719 jul.
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Derby School,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society
John Flamsteed

De John Flamsteed, gebuer den 19. August 1646 zu Denby/Derbyshire a gestuerwen den 31. Dezember 1719 zu Greenwich, war en engleschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Flamsteed war Diakon an huet am Derbyshire gelieft bis hien op London beruff gouf. De 4. Mäerz 1675 gouf hie mat engem kinneklechen Dekreet zum The King's Astronomical Observator, »Astronomeschen Observateur vum Kinnek« ernannt. Hie war den éischten Astronomer Royal (»Kinneklechen Astronom«) a krut eng Rent vun 100  Pond am Joer.

Op säi Virschlag gouf 1675 e weidere kinneklechen Dekreet ugeholl: d'Grënnung vum Royal Greenwich Observatory, wou de Flamsteed am August de Grondstee geluecht huet. Am Februar 1676 gouf hie Member vun der Royal Society an am Juli ass hien an den Observatoire geplënnert, wou hie gelieft huet bis hien 1684 zum Paschtouer vun de Pare Burstow an Surrey beruff gouf. Dëse Beruff, an deen als Astronomer Royal, huet hie bis zu sengem Doud ausgeféiert. Am Joer 1720 gouf hien zu Burstow begruewen.

De Flamsteed ass och fir säi Sträit mam Isaac Newton bekannt, deen deemools President vun der Royal Society war. De Newton huet versicht, e puer Observatioune vum Flamsteed ze klauen an als seng eegen auszeginn, wat him mat Hëllef vun engem kinneklechen Edikt och gelongen ass. De Newton huet d'Observatioune vum Flamsteed publizéiert ouni de Flamsteed als Entdecker ze nennen. Joren duerno huet de Flamsteed déi meescht Kopië vun de Bicher zeréckkaaft an ëffentlech virum Royal Observatory verbrannt.

Zu Éiere vum Flamsteed gouf spéider e Krater um Mound no him genannt.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

De Flamsteed huet d'Date vu ronn 2.800 Stären, déi iwwer England ze gesi sinn, gesammelt. Hien hat se zum gréisstem Deel mat Instrumenter observéiert, déi hie selwer gebaut hat. Hien hat e System entwéckelt fir eng systematesch Benennung mat de sougenannte Flamsteed-Nummeren, deen och haut nach gebraucht gëtt.

An de Joren 1666 an 1668 berechent de Flamsteed d'Sonnendäischterten prezis viraus. Hie mécht och déi éischt Observatioun vum Planéit Uranus, deen hien allerdéngs fir e Stär gehalen huet an als 34 Tauri a säi Stärekatalog opgeholl huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Flamsteed – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie