Op den Inhalt sprangen

Observatoire Königsberg

Vu Wikipedia
Observatoire Königsberg
Den Universitéitsobservatoire zu Königsberg
Typ Astronomeschen Observatoire
Datum vum Bau 1810
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Kinnekräich Preisen
Regioun/Gemeng Königsberg
Koordinaten 54°42'47"N, 20°29'40"O

Den Observatoire Königsberg war eng astronomesch Fuerschungsariichtung vun der Albertina-Universitéit vu Königsberg. Am Institut hu bedeitend Astronome geschafft, wéi de Friedrich Wilhelm Bessel, de Friedrich Wilhelm August Argelander an den Arthur Auwers. 1838 konnt do fir d'éischt e geneeë Wäert vun der Parallax vun engem Fixstär bestëmmt ginn. Den Observatoire war vun 1813 bis 1944 aktiv.

Ënner der verantwortlecher Leedung vum Bildungsreformer Wilhelm von Humboldt hat d'preisesch Regierung an de Joren 1809/1810 zu der Zäit vun de napoleonesche Kricher e Programm fir den Ausbau vun der Universitéit Königsberg beschloss. Dozou huet och d'Ariichtung vun engem astronomeschen Observatoire gehéiert.

1809 gouf den Astronom Friedrich Wilhelm Bessel op Königsberg geruff, fir op der Universitéit z'enseignéieren an d'Leedung vum geplangten Observatoire z'iwwerhuelen. De Bessel hat doropshin eng gëeegent Plaz mat horizontfräier Siicht am Nord-Weste vun der Stad um Botterbierg fonnt. De Bau gouf 1811 ugefaangen, a ganz nom Bessel senge Wënsch ageriicht. Am September 1813 war der Bau fäerdeg.

Am August 1944 gouf d'Königsberger Universitéit mat all hiren Ariichtunge bei Loftugrëffer bal komplett zerstéiert.

Déi éischt Instrumenter koumen haaptsächlech aus dem Observatoire Remplin vu Mecklenburg a koumen duerch d'Vermëttlung vum Johann Elert Bode op Königsberg. Dobäi war e Meridianteleskop („Cary-Krees“ genannt – d'Instrument steet haut am Däitsche Musée zu München) mat 2 Zoll (5 cm) Ëffnung an 1 m Brennwäit, e „Mëttegsteleskop“ vun Dolland mat 1,3 m Brennwäit, en „Equatorialteleskop“ mat 33 cm Brennwäit, en Teleskop mat kuerzer Brennwäit („Koméitesicher“), zwéi Spigelsextanten an eng Pendelauer.

Dat spéidert Haaptinstrument vum Observatoire war 1819 e Refrakter mat 13 Zoll (32,5 cm) Ëffnung, a war kaf ginn. Den Heliometer, deen 1829 ugeschaaft gouf, war aus dem Atelier vum Joseph von Utzschneider vu München. Déi nach ënner der Leedung vum Joseph Fraunhofer ugefaangen Aarbechten un dësem Heliometer goufe vu sengen Nofollger Georg Merz a Franz Joseph Mahler erfollegräich weidergefouert. 1841 hat de preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm IV. dem Observatoire e Meridiankrees geschenkt.

  • Dietmar Fürst: Die Gründung der Königsberger Sternwarte im Lichte der Akten des preußischen Staates. - Beiträge zur Astronomiegeschichte Band 1 (1998), S. 79–106 ISBN 3-8171-1568-7; Band 2 (1999), S. 145–188 ISBN 3-8171-1590-3; Band 3 (2000), S. 22–67 ISBN 3-8171-1635-7
  • Dietmar Fürst: Die Geschichte des Heliometers der Sternwarte Königsberg. - Beiträge zur Astronomiegeschichte Band 6 (2003), S.90–136 ISBN 3-8171-1717-5

Portal Astronomie

 Commons: Observatoire Königsberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]