Brennwäit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Bei eenzelen dënne Lënsen ass d'Brennwäit f gläich dem Ofstand vum Brennpunkt F vun der Lënsmëtt. Bei gebéite Spigelen ass et den Ofstand vum Spiegelkapp.

D'Brennwäit ass d'Distanz tëscht dem Haaptplang vun enger optescher Lëns oder engem gebéite Spigel am Fokus (Brennpunkt).

  • Eng Sammellëns konzentréiert e parallel afalend Stralebëndel am Brennpunkt deen hanner hir läit (Bild riets, éischt Bild).
  • Bei Streelënse läit de Fokus virun der Lëns, an e parallel afalend Stralebëndel gëtt sou gestreet, wéi wann d'Eenzelstralen all aus dem Fokus géife stamen (zweet Bild).
  • Bei engem Huelspigel leeft e parallel afalend Stralebëndel um Brennpunkt dee virum Spigel läit zesummen (drëtt Bild).
  • Bei engem Konvexspigel gëtt e parallel afalend Stralebëndel sou gestreet, wéi wann d'Eenzelstralen all aus engem Fokus stame géifen, deen hanner dem Spigel läit (véiert Bild).

Systemer déi aus ville Lënsen oder/a Spigele bestinn – wéi zum Beispill Objektiver vu Kameraen oder Mikroskopen – hunn analog definéiert Brennwäiten. Heibäi loosse sech d'Lag vum Haaptplang (zwéi pro System) net sou einfach wéi bei enger Eenzellëns (an hir) oder bei engem Eenzelspigel (op senger Kopp) ugoen.

D'Brennwäit ass e Konzept vun der paraxialer Optik.[1] Si bezitt sech dofir nëmmen op Stralen, déi e klenge Wénkel an e klengen Ofstand zu der optescher Achs vum Billersystem hunn.

Grouss Brennwäiten entstinn duerch flaach, schwaach gekrëmmt Uewerflächen. Kleng Brennwäiten entstinn duerch staark Krëmmungen. Speziell bei eenzele Lënse gëtt den ëmgedréinte Wäert vun der Brennwäit Briechkraaft oder Briechwäert genannt. Bei Sammellënsen an Huelspigelen ass d'Brennwäit als positive Wäert, bei Streelënsen a Konvexspigelen als negative Wäert definéiert.

D'Brennwäit gëtt bei der Uwendung vun der Lënsenequatioun benotzt. An der Fotografie bestëmmt d'Brennwäit vum Objektiv zesumme mam Ophuelformat de Bildwénkel (kuckt och Formatfaktor). Dat gëllt och fir d'Tëschebild beim Mikroskop. Bei Refrakteren a Spektive bestëmmen d'Brennwäite vun Objektiv an Okular zesummen d'Vergréisserung.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eugene Hecht: Optik. Oldenbourg Verlag, Kapitel 5 Geometrische Optik. Abschnitt 2 Linsen.