Polarstär

Vu Wikipedia
Kaart vum Stärebild Ursa Minor
Bei enger laangbeliichter Foto vum Polarstär zéien déi aner Stäre Kreesser ronderëm

De Polarstär ass deen hellste Stär (α) am Stärebild Ursa Minor (och am Volleksmond Klenge Won genannt). Hien ass no beim Nordpol vum Stärenhimmel (Himmelsnordpol).

Fir dëse Stär si vill Nimm iwwerliwwert, wat seng grouss Bedeitung an de verschiddenste Kulturkreesser erëmspigelt: Stella Polaris oder nëmme Polaris souwéi Nordstär; bei de Griiche vun der Antiquitéit huet hie Phoenice („de Phönizesche“) geheescht, aner Nimm sinn Alruccabah (arabesch al-Rukkabah „de Reider“), Angel Stär, Cynosaura, Cynosura (griichesch Κυνόσουρα „Schwanz vum Hond“), Lodestar, Mismar, Navigatoria, Tramontana, Yilduz (tierkesch yıldız „Stär“) a Poljarnaja. Déi systematesch Bezeechnung an der Astronomie ass α Ursae Minoris oder kuerz α UMi.

De Polarstär ass en Dräifachstäresystem (Stand: 01.2006): Polaris A, Polaris Ab an Polaris B. Polaris A ass en Iwwerris an ongeféier 2.000-mol sou hell wéi eis Sonn. De Polaris A gehéiert zu den Cepheiden an ass gläichzäiteg den nooste vun dëse Stären. De Polaris Ab ass en Zwergstär, deen de Polaris A an engem Ofstand vun zirka 3 Milliarde Kilometer a ronn 30 Joer ëmkreest.

Date vum Polarstär[änneren | Quelltext änneren]

Daten
astronomesch Bezeechnungen

α UMi (Alpha Ursae Minoris)
1 UMi
HD 8890
HR 424

Positioun (Equinoxe 2000.0) RA 2h31m48.70s
Dekl. +89°15'51.0"
Siichtbar Magnitude Polaris A: 2,02m (variabel) / Polaris B: 8,6m
Absolut Magnitude zirka -4,6M *
Spektralklass,
Liichtkraaftklass
Polaris A: F7:Ib-II (blatzeg-giel) / Polaris B: F3V
Ofstand vum Sonnesystem zirka 430 Liichtjoer

* berechent aus siichtbarer Magnitude an Ofstand

De Polarstär ass nëmme ronn 0,7° vum nërdlechen Himmelspol ewech an ass dofir op der nërdlecher Nordhallefkugel vun der Äerd d'ganzt Joer ze gesinn (zirkumpolar), op der Südhallefkugel dogéint kann hien net gesi ginn.

Säi Géigestéck op der Südhallefkugel ass de Stär Polaris australis, am Stärebild Octans als Sigma Octantis notéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie


Commons: Polaris – Biller, Videoen oder Audiodateien