James Bradley

Vu Wikipedia
James Bradley
Gebuer Mäerz 1693
Sherborne
Gestuerwen 13. Juli 1762
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Educatioun Balliol College,
University of Oxford
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie

Den James Bradley gebuer am Mäerz 1693 zu Sherboren bei Cheltenham an der Grofschaft Gloucestershire an England, a gestuerwen den 13. Juli 1762 zu Chalford war en englesche Geeschtlechen an Astronom.

Vu 1711 bis 1718 huet hien Theologie um Balliol College zu Oxford studéiert. Am Joer 1719 gëtt de Bradley Paschtouer vu Bridstow a säi Frënd Samuel Molyneux verschafft him eng Aarbechtsplaz a Wales.

Nieft der Theologie intresséiert sech de Bradley fir d'Astronomie. Éischt Observatioune féiert hien ënner Uleedung vu sengem Monni, dem Amateurastronom Reverend James Pound, an der Par Wanstead am Essex duerch. Am Joer 1718 gëtt hien als „Fellow“ an d'Royal Society opgeholl.

1721 gëtt de Bradley op d'Universitéit vun Oxford geruff, wou hien d'Savilian Chair of Astronomy iwwerhëlt. Ënner anerem huet hie Virliesungen iwwer „experimentell Philosophie“ gehalen.

Dem Bradley säi Spezialgebitt war d'Astrometrie, d'Positiounsbestëmmung vun de Stären. Bei sengen Himmelsobservatiounen, déi hien aus dem Haus vu sengem Frënd Samuel Molyneux gemaach huet, entdeckt hie 1725 am Stär Gamma Draconis de Phenomeen vun der Aberratioun vum Liicht, entstanen duerch d'Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn. Dëst war en éischten eendeitege Bewäis fir d'Richtegkeet vum kopernikesche Sonnesystem a gläichzäiteg Basis fir d'Berechnung vun der Liichtvitess. Déi konnt de Bradley – am Géigesaz zum Christiaan Huygens – mat enger Genauegkeet vun engem Prozent ermëttelen. Hien diskutéiert seng Resultater 1728 mat dem Edmond Halley a verëffentlecht se am Januar 1729.

Duerch exakt Miessunge vun der Ëmlafbunn vum Äerdmound iwwer 19 Joer ewech, entdeckt hien d'Nutatioun vun der Äerdachs. D'Resultater vu sengen Observatioune publizéiert hien am Joer 1748.

Hie gëtt am Joer 1742 Nofollger vum Edmond Halley als "Astronomer Royal" an Direkter vum Royal Greenwich Observatory. Ënner senger Leedung gëtt d'Instrumentarium vum Greenwicher Observatoire ëm 1.000 £ opgestockt. Am Joer 1750 gouf e Quadrant vum John Bird a Betrib geholl. Am Joer 1752 kritt de Bradley e Joresgehalt vun 250 £ vum brittesche Kinnekshaus.

Aus gesondheetleche Grënn muss hie 1761 vu sengen Ämter zerécktrieden. E plënnert op Chalford am Gloucestershire, wou hien d'Joer drop zu Skiveralls House stierft.

D'Publikatioun vum Bradley senge Stärenobservatioune kënnt wéinst Schreifrechter net virun. Eréischt an de Joren 1798 an 1805 ginn zwéi Bänn verëffentlecht. De Friedrich Wilhelm Bessel iwwerschafft dem Bradley seng Opzeechnungen an erstellt e Stärekatalog mat 3.000 Stären.

Den James Bradley gëtt als ee vun de Grënner vun der Astrometrie ugesinn an domat als ee vun de bedeitendsten Astronome vum 18. Joerhonnert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Bradley, James: A Letter from the Reverend Mr. James Bradley Savilian Professor of Astronomy at Oxford, and F.R.S. to Dr.Edmond Halley Astronom. Reg. &c. Giving an Account of a New Discovered Motion of the Fix'd Stars. Philosophical Transactions (1683-1775), Volume 35 (1727), pp. 637–661
  • Hornsby/Robertson (Hrsg.): Astronomical observations made at the observatory at Greenwich 1750-1762. 2 Bde. Oxford (1798-1805). Supplement (1833)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie