Haffastronom
Haffastronome gouf et bis virun e puer Joerhonnerten op bal alle Kinneks- a Keeserhäff, awer och op Häff vu Fürsten a villen héijen Adelegen.
Si hunn als Beroder an als Schoulmeeschter geschafft, dacks och als Astrologen – wat an der virchrëschtlecher Zäit bal ëmmer mat der Astronomie verbonne war. Bei wëssenschaftlech interesséierten Herrscher hat en Haffastronom – deen heiansdo och Haffmathematiker war – dacks eng politesch oder kulturell usprochsvoll Plaz.
Am ale Babylon an a China hat d'Astronomie scho fréi en héije Stellewäert. A Mesopotamien an a Persien gouf et de Stand vun de Chaldäer, déi eng Mëschung tëscht Astronom, Meteorolog oder Astrolog duergestallt hunn. Deelweis ware si och nach Paschtéier. Et gëtt ugeholl, datt biblesch Berichter iwwer de Stär vu Betlehem op dëse Persoune berout. Am ale China waren d'Haffastronomen dofir zoustänneg, de „richtege Moment“ fir wichteg Handlungen z'iwwerleeën – wat d'Griichen am Sënn vun emotionaler Intelligenz als „Kairos“ bezeechent hunn.
A spéider Zäit – besonnesch an der sougenannter Entdeckerzäit no zirka 1350– hu sech vill Haffastronome mat der Navigatioun, der Virausberechnung vu Planéitebunnen oder mat der Zeechnung vu Weltkaarten befaasst. Och d'Fabrikatioun vun Äerd- an Himmelsglobe sinn op d'Wierke vun Haffmathematiker oder -Astronomen zeréckzeféieren.
A verschiddene Beräicher kann d'Plaz vu fréieren Haffastronome mat deene vun haitege Regierungsberoder oder vu Presidenten vu regierungsnoe Fachkommissioune verglach ginn. An der Neizäit ware si och dacks Héichschoulmeeschter an / oder Member vun der jeeweileger Akademie. An England war den Direkter vum Royal Greenwich Observatory och Haffastronom mat dem Titel Astronomer Royal.
Bekannt Haffastronomen
[änneren | Quelltext änneren]Am Orient an a China
[änneren | Quelltext änneren]- Hsi-Ho (ëm 2100 v. Chr., higeriicht, China)
- Thales vu Milet (ëm 580 v. Chr., Beroder)
- Konon vu Samos (ëm 245 v. Chr., Alexandria)
- Al Khorezmi (zirka 780-845, Persien/Bagdad)
- Al-Ma'mun (~786-833, selwer Kalif no Harun ar-Raschid)
- Ibn Dschunus (950-1009, Bagdad)
- Ko Show King (1279 Observatoirebau vum Mongolenkeeser Kublai Khan)
- Ulugh Beg (1394–1449, Samarkand)
- Matteo Ricci (1552–1610, Peking)
- Adam Schall (1592–1666, Peking) – hie gouf vum jonke Keeser Shun-chih (Reg. 1644–1661) souguer als „mafa“ (Grousspapp) ugeschwat
An Europa
[änneren | Quelltext änneren]- Georg von Peuerbach (1423–1461, Budapest a Wien)
- Regiomontanus (1436–1476, Gran/ Ungarn)
- Jakob Cuno (etwa 1530–1575, Berlin)
- Tycho Brahe (1546–1601, Dänemark a Prag)
- a säi „Géigner“ Reimar Ursus
- Marcin Bylica (1433–1493), Polen / Ungarn
- Johannes Kepler (1571–1630, Prag)
- Jost Bürgi (1558–1631, Hessen)
- Christian Mayer (1719–1783, Mannheim)
- Johann Jakob Marinoni (1676–1755, Wien)
- Franz Xaver von Zach (1754–1832, Gotha)
- Friedrich Georg Wilhelm Struve (1793–1864, Pulkowo)
Direkter vum Royal Greenwich Observatory zugläich Haffastronom mat dem Titel Astronomer Royal:
- John Flamsteed (1646–1719)
- Edmond Halley (1656–1742)
- James Bradley (1692–1762)
- Nathaniel Bliss (1700–1764)
- Nevil Maskelyne (1732–1811)
- John Pond (1767–1836)
- George Biddell Airy (1801–1892)
- William Christie (1845–1922)
- Frank Dyson (1868–1939)
- Harold Spencer Jones (1890–1960)
- Martin Ryle (1918–1984)
- Martin Rees (* 1942)