Frank Dyson

Vu Wikipedia
Frank Dyson
Gebuer 8. Januar 1868
Gestuerwen 25. Mee 1939
Kapstad
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Trinity College
Aktivitéit Astronom, Schrëftsteller
Member vun Royal Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences

De Sir Frank Watson Dyson, gebuer den 8. Januar 1868 zu Measham bei Ashby-de-la-Zouch, England, a gestuerwen de 25. Mee 1939, war en engleschen Astronom.

Den Dyson huet vun 1894 bis 1906 zu Blackheath, London gelieft. Hie war Astronomer Royal for Scotland vun 1905 bis 1910, an Astronomer Royal (a gläichzäiteg Direkter vum Royal Greenwich Observatory) vun 1910 bis 1933.

Seng Éierung zum Sir krut hien am Joer 1915. 1928 entwéckelt hien eng nei Auer déi fräi pendelt, wouduerch d'Zäitmiessung um Nullmeridian am Greenwich-Observatoire méi prezis ginn ass. Am Joer 1922 ass den Dyson mat der Bruce Medail an am Joer 1925 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent ginn. Zu Éiere vum Dyson goufen den Dyson-Krater um Äerdmound souwéi den Asteroid (1241) Dysona no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frank Dyson – Biller, Videoen oder Audiodateien