Friedrich Georg Wilhelm Struve

Vu Wikipedia
Friedrich Georg Wilhelm Struve
Gebuer 15. Abrëll 1793
Gestuerwen 23. November 1864
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Educatioun Universitéit vun Tartu
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
Famill
Kanner Otto Wilhelm von Struve

De Friedrich Georg Wilhelm Struve, och Friedrich Georg Wilhelm von Struve, ass gebuer de 15. Abrëll 1793 am holsteineschen Altona (Elbe) a gestuerwen den 23. November 1864 zu Pulkowo bei Petersburg. Hie war en däitschen Astronom, den am Baltikum an a Russland geschafft huet. En huet bedeitend Aarbechten iwwer Duebelstäre publizéiert an ëmfangräich geodetesch Vermiessunge gemaach.

Hie war de Papp vum Otto Wilhelm von Struve.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Friedrich Georg Wilhelm gouf als Jong vum Jakob Struve (1755-1841) zu Altona gebuer. Säi Brudder war de Ludwig August Struve.

Am Joer 1808, am Alter vu 15 Joer, huet hien e Studium op der Universitéit Dorpat (deemools a Russland, haut Tartu an Estland) ugefaangen. Hie studéiert am Ufank Philologie, wiesselt awer no e puer Semester op Mathematik an Astronomie. Säi Studium schléisst de Struve 1813 mat enger Promotioun of. Am gläiche Joer gëtt hien zum Professer vun der Astronomie ernannt an an den Observatoire Dorpat beruff, déi kuerz virdrun opgeriicht gouf.

Am Joer 1815 huet hien zu Altona d'Emilie Wall (1796-1834) bestuet. Déi Zwee haten 12 Kanner, vun deenen der véier fréi gestuerwe sinn.

Am Joer 1820 gouf de Struve zum Direkter vum Observatoire vun Dorpat ernannt. Vun 1814 bis 1821 léiert hien och Mathematik. 1824 gëtt zu Dorpat e leeschtungsstaarke Refrakter vum Fraunhofer mat 24,4 cm Ëffnung a Betrib geholl. Duerno mécht de Struve intensiv Observatioune vun Duebelstären, woubäi hien der vill entdeckt. Vun 1824 bis 1837 mécht hie mikrometresch Miessunge bei 2.714 Duebelstären. Am Joer 1827 publizéiert hien e Katalog mat Duebelstären, de Catalogus novus stellarum duplicium, 10 Joer méi spéit, 1837 kënnt säi Wierk Stellarum duplicium et multiplicium mensurae micrometricae eraus.

Wéi 1828 säi Brudder Ludwig August gestuerwen ass, hëlt hien de spéidere Philolog Theodor Struve, bei sech op Dorpat. Am Joer 1829 gëtt de Struve zum „Kollegienrat“ an zwee Joer méi spéit zum „Staatsrot“ ernannt. Mat dëser Befërderung war och eng Erhiewung an den Adelsstand verbonnen.

Nieft der Astronomie beschäftegt sech de Struve mat der Geodesie. Vun 1816 bis 1819 hat hien un enger Triangulatioun vu Livland deelgeholl. Am Joer 1831 verëffentlecht hien eng Beschreiwung vu Breetegradmiessungen an den Ostséiprovënze vu Russland.

Am Joer 1834 stierwt seng Fra. Am selwechte Joer bestit hien d'Johanna Henriette Francisca Bartels (1807 bis 1867), mat hir hat hie weider sechs Kanner.

Am Joer 1832 huet d'Russesch Akademie vun de Wëssenschaften zu St. Petersburg de Struve zum Member beruff. Wéi 1839 den neien Observatoire vu Pulkowo ageweit gouf, gouf de Struve zum éischten Direkter ernannt. Do huet hie seng Aarbechten iwwer Duebelstäre weidergefouert, woubäi säi Jong Otto Wilhelm hien ënnerstëtzt huet. 1843 bestëmmt hien d'Atmosphär vun der Äerd, d'Aberratioun vum Liicht souwéi d'Parallax vum hellste Stär Vega am Stärebild Lyra.

De Struve huet 1845 d'Russesch Geographesch Gesellschaft matgegrënnt. Hien initiéiert eng ëmfangräich Triangulatioun, woubäi hien eng Kette vu geodetesche Vermiessungspunkten tëscht Hammerfest an Norwegen an dem Schwaarze Mier opriichte gelooss huet, de Struve-Bou.

1847 verëffentlecht hie seng Aarbecht iwwer den Opbau vun der Mëllechstrooss an den "Études d'astronomie stellaire".

1856 avancéiert de Struve zum Geheimrat.

Am Joer 1862 geet en aus gesondheetleche Grënn an d'Pensioun. Säi Jong Otto Wilhelm Struve iwwerhëlt den Observatoire vu Pulkowa.

De Friedrich Georg Wilhelm Struve stierft den 23. November 1864 (no dem russesche julianesche Kalenner den 11. November) zu Pulkowa.

Fir säi Wierk krut hien eng Onmass Éierungen, ënner anerem 1826 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society.

Zu Gedenken un d'Astronome vun der Famill Struve goufen en Impaktkrater op dem Äerdmound an den Asteroid (768) Struveana benannt.

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Aus sengem 1. Bestietnes sinn den Astronom Otto Wilhelm von Struve, de Cheemiker Heinrich Wilhelm von Struve (1822-1908), an de spéidere Gouverneur vun Astrachan a Perm, de Bernhard Wilhelm von Struve (1827-1889), ervirgaangen.

Aus sengem 2. Bestietnes staamt de Karl Wilhelm (Kirill Wassiliwitsch) Struve (1835-1907), spéidere russesche Botschafter a Japan, den USA an Holland.

Zum Friedrich Georg Wilhelm sengen Enkele gehéieren och den Astronom Hermann von Struve an de Ludwig von Struve.

Säin Urenkel war den Astronom Otto von Struve.

Wierker (en Deel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Observationes Dorpatenses (Dorpat, 1817-39, 8 Bände)
  • Catalogus novus stellarum duplicium (Dorpat, 1827)
  • Stellarum duplicium mensurae micrometricae (St. Petersburg, 1831)
  • Stellarum fixarum, imprimis compositarum positiones mediae (St. Petersburg, 1852)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Friedrich Georg Wilhelm Struve – Biller, Videoen oder Audiodateien