Hammerfest

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vue op d'Stad Hammerfest
Lag vun Hammerfest op der Kaart

Hammerfest ass eng Uertschaft a Gemeng am Norde vun Norwegen, Si läit op der Insel Kvaløy am Fylke Finnmark. Vun Hammerfest huet et laang iertemlech geheescht, et wier déi nërdlechst Stad vun der Welt, bis Honningsvåg an den 1990er Joren de Stad-Status kritt huet, dat och als „nërdlechst Stad vun der Welt“ bezeechent ginn ass (och iertemlech, well eng hallef Dose Stied nach méi nërdlech leien, wéi z. B. Longyearbyen op Spitzbergen). D'Stadgrënnung vun Hammerfest gouf 1789 gefeiert.

Wirtschaft a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

From Hammerfest, e vum Peder Balke gemoolte Bild (1804-1887, Norwegen)

Wichtigste Produktiounssecteur ass d'Fëscherei, fréier och de Walfang. Donieft schaaft d'Berufsfachschoul a ville Beräicher nei Perspektive fir déi jong Leit a mécht hinnen de Wee op fir d'Liewen.

Lutheresch Kierch zu Hammerfest

Op där virun Hammerfest geleeëner Insel Melkøya baut d'Linde AG fir den internationale Snøhvit-Konsortium déi gréisst Äerdgasverflëssegungsanlag (LNG) vun Europa. Si soll den Transport vun Äerdgas mat Tankschëffer no Südeuropa an den USA méiglech maachen a soll 2007 a Betrib geholl ginn.

Zu Hammerfest leeën och d'Schëffer vun der Hurtigruten un. De Fluchhafe gëtt vun zirka 80.000 Fluchgäscht am Joer benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hammerfest – Biller, Videoen oder Audiodateien