Hurtigruten

Vu Wikipedia
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
MS Finnmarken zu Bodø

Hurtigruten (norweg. iwwersat: "Schnellverbindung") ass d'Bezeechnung fir déi norwegesch Postschëffslinn.

Haut fueren déi kombinéiert Fracht-, Passagéier- a Kräizfahrtschëffer d'Küstlinn vun Norwegen tëscht Bergen a Kirkenes, a 6 Deeg an en hallwen of a passéieren dobäi vill landschaftlech wonnerbar Küstengebidder (am Summer och ettlech Fjorden). D'Hurtigruten-Streck ass haut eng bekannt Touristenattraktion.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Hurtigruten gouf vun enger privater Reederei gegrënnt an d'Streck gouf fir d'éischt 1893 tëscht Trondheim an Hammerfest befuer. Déi éischt reegelméisseg Postverbindung tëscht Süd- an Nordnorwegen ass dem erfuerene Kapitän Richard With ze verdanken. Als éischten hat hien de Courage och nuets d'Streck bis op Hammerfest ze fueren - eng Zäitaspuerung, déi d'Vieraussetzung fir déi staatlech Subventioune war an ouni déi eng Postschëffsverbindung net hätt finanzéiert kënne ginn.

MS Midnatsol
Hurtigrutenschëff bei den Lofoten

Den 2. Juli 1893 huet sech d'D/S Vesteraalen mam Kapitän Richard With op de Wee op Hammerfest gemaach. Domat huet sech d'Liewe fir d'Awunner an der Küsteregioun vun Nordnorwegen, déi schwéier z'erreeche war, gewalteg verännert. Dee beschwéierleche Wee iwwer Land konnt sou evitéiert ginn. Scho fënnef Joer méi spéit gouf d'Streck no Süde bis op Bergen verlängert an 1911 gouf Kirkenes als nërdlechen Endpunkt festgehalen.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernd Römmelt: Hurtigruten , Bruckmann Verlag, 1.Oplo 2006
  • Ralf Schröder: Norwegen mit dem Postschiff. Merian live!, Travel House Media, Sept. 2006
  • Klaus-Peter Kappest: Norwegens Hurtigruten. Die schönste Seereise der Welt, Tecklenborg, 1.Oplo Nov 2005

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hurtigruten – Biller, Videoen oder Audiodateien