Perm (Stad)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der russescher Stad Perm. Fir aner Bedeitunge vum Begrëff, kuckt w.e.g. Perm. |
Perm Пермь | |
---|---|
![]() |
![]() |
Land: | ![]() |
Federatiounskrees: | Wolga |
Regioun: | Perm |
Gegrënnt: | 1723 |
Fläch: | 798 km² |
Awunner: | 991.162 (14. Okt. 2010) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.242 Aw./km² |
Héicht: | 171 m |
Zäitzon: | UTC+5 |
Autoskennzeechen: | 59, 81, 159 |
Buergermeeschter: | Igor Sapko |
Perm (Пермь) ass d'Haaptstad vun der Regioun Perm a Russland. Si läit westlech kuerz virum Ural, um Floss Kama souwéi un der Transsibirescher Eisebunn. Mat enger gudder Millioun Awunner (Stand 2016) ass et déi drëttgréisste Stad a Sibiren, no Nowosibirsk an Omsk.
Inhaltsverzeechnes
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
De Wassili Tatischtschew, dee vum Zar Péiter de Groussen geschéckt gouf fir Uralgéigend z'entwéckelen, huet Perm 1723 gegrënnt, grad wéi och eng aner Grousstad an deer Géigend, Jekaterinburg. D'Gebitt vu Perm huet sech ugebueden, well do Kofferäerz fonnt gouf an et eng gënschteg Lag huet fir den Export vu Wueren.
Den Numm kënnt aus der Finnescher oder Wepsescher Sprooch a bezeechent ursprénglesch de ganze Landstreech als "Perämaa", wat "Fäert Land" bedeit. Well de Geolog Murchison an der Permer Regioun als éischte Gestengsschichten aus deer leschter Period vum Äerdaltertum fonnt huet, do huet en déi Period och "Perm" genannt.
1780 krut Perm d'Stadrecht a gouf ee Joer drop d'Haaptstad vum spéidere Gouvernement Perm.
Perm huet sech duerno gutt entwéckelt, zënter Enn vum 18. Jh. als Haaptsëtz vun der uralescher Minnenindustrie an zënter Mëtt vum 19. Jh. als bedeitenst Handelszentrum vum Ural. Dëst gouf erméiglecht duerch déi gutt Verkéiersinfrastruktur, mat der Schëfffaart iwwer d'Kama, der Lag un der éischter grousser West-Ost-Achs, dem Sibireschen Trakt, a spéider als Gare vun der Eisebunnsverbindung tëscht dem Westen an dem Osten. Sou gouf Perm als Paart an den Ural a Sibirien bezeechent.
Am 20. Jh. huet sech Perm zu engem Industriezentrum entwéckelt, virun allem vun der Schwéierindustrie.
Nom Ausbroch vum russesche Biergerkrich hunn allebéid Säiten no Perm geglëscht wéinst senge Munitiounsfabriken. De 25. Dezember 1918 huet déi sibiresch Wäiss Arméi Perm ageholl, mee den 1. Juli 1919 gouf d'Stad vun der bolschewistescher Rouder Arméi zréckeruewert.
Nodeems 1938 d'Nopeschstad Molotow als neie Staddeel Motowilicha dozoukoum, huet déi ganz Stad sech tëscht 1940 an 1957 Molotow genannt (Молотов, nom Wjatscheslaw Molotow).
Am Zweete Weltkrich war d'Stad e wichtegen Zentrum fir d'Artillerieproduktioun. Och herno waren d'Rüstungsbetriber weider wichteg, sou datt Perm wärend dem ganze Kale Krich bis 1991 eng fir Auslänner verbuede Stad war. De Passage mat der Transsibirescher Eisebunn war awer méiglech.
Nom Enn vun der Sowjetunioun ass Perm relativ gutt duerch d'1990er Jore komm, a konnt seng Positioun als Industriezentrum souguer liicht ausbauen. D'Bevëlkerungszuel war zwar vun 1989 bis 2009 réckleefeg (vun 1.090.944 erof op 985.794), mä huet duerno nees zougeholl an ass rëm iwwer eng Millioun geklommen (2016 lung se bei 1.041.876).
Stadbezierker (Rajony)[änneren | Quelltext änneren]
D'Stad ass administrativ a siwe Bezierker ënnerdeelt.
Rajon | Russeschen Numm | Ofleedung | Awunner 1. Januar 2004 |
Awunner 1. Januar 2009 |
---|---|---|---|---|
Dserjinski | Дзержинский район | Felix Dserjinski | 152.500 | 149.559 |
Industrialny | Индустриальный район | Industrialiséirung vun der Sowjetunioun | 159.700 | 160.403 |
Kirowski | Кировский район | Sergej Kirow | 123.105 | 125.338 |
Leninski | Ленинский район | Lenin | 56.400 | 50.670 |
Motowilichinski | Мотовилихинский район | Fluss Motowilicha, Niewefloss vun der Kama | 176.000 | 179.117 |
Ordjonikidsewski | Орджоникидзевский район | Grigori Ordjonikidse | 111.300 | 112.274 |
Swerdlowski | Свердловский район | Jakow Swerdlow | 212.600 | 210.666 |
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
Perm ass haut e wichtegen Industriezentrum, dee méi produzéiert wéi aner souguer méi grouss Stied am Ural, wéi Jekaterinburg, Tscheljabinsk an Ufa. Haaptberäicher si Fligerturbinen (Perm Engine an Awiadwigatel), Pëtrol a Gas Raffinerien (Lukoil), Maschinnebau, Motorseeën, Chimie, Holzveraarbechtung (och fir Pabeier), elektresch Kabelen (KamKabel) an Elektronik. Um Gebitt vu Perm läit och d'hydroelektresch Zentral vun der Kama (Камская ГЭС).
Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]
Gribuschin-Haus, wat de Pasternak fir säin Dokter Jiwago inspiréiert huet
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Perm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Stad (ru)(en)(cn)