Péiter de Groussen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Péiter I. vum Jean-Marc Nattier, 1717.

De Péiter I., de Groussen (Russesch: Пётр I Вели́кий, transkribéiert Pjotr I Weliki, gebuer als Pjotr Alexejewitsch Romanow (russ. Пётр Алексе́евич Рома́нов) den 30. Meejul./ 9. Juni 1672greg. zu Moskau am Kreml a gestuerwen den 28. Januarjul./ 8. Februar 1725greg. zu Sankt Péitersbuerg, war vu 1682 bis 1721 Zar a Groussfürst vu Russland a vu 1721 bis 1725 den éischte Keeser (russesch Император Imperator)[1] vum Russesche Räich.

Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten Herrscher vu Russland. Säin Attribut "de Groussen" krut e souwuel wéinst senge Leeschtungen, wéi och well e grouss gewuess war. E soll, jee no Quell, tëscht 2,01 an 2,15 Meter grouss gewiescht sinn.

Säi Papp war de russeschen Zar Alexei I., seng Mamm deem seng zweet Fra, d'Natalja Kirillowna Naryschkina. Wéi dem Péiter säi Papp 1676 gestuerwen ass, koum dem Péiter säin Hallefbrudder Fjodor III. op den Zarentroun. Deen ass awer scho 1682 gestuerwen, an et koum zu engem Kampf ëm d'Trounfolleg. Virum Péiter sengen Aen hunn d'Strelizen zwéi Bridder vu senger Mamm an deenen hire Stéifpapp ermuert. De Péiter gouf zesumme mat sengem Hallefbrudder Iwan V. zum Zar ernannt. Well si nach mannerjäreg waren, gouf dem Iwan seng Sëschter an dem Péiter seng Hallefschwëster Sophia Regentin. Den Iwan blouf nieft dem Péiter Zar bis zu sengem Doud, war awer krank an net deen Hellsten, an hat weider keen Afloss. 1689 gouf d'Sophia gestierzt, well si an engem Muerdkomplott um Péiter verwéckelt war, an de Péiter gouf fir zerguttst Zar.

De Péiter huet sech bei auslänneschen Handwierker a Kënschtler iwwer technesch Neierungen an Entwécklungen informéiert an huet probéiert, déi a Russland anzeféieren. Sou war e vu 1697 bis 1698 zum Deel inkognito an Europa ënnerwee, zesumme mat sengem Kolleg Alexander Menschikow. Vu Livland, Kurland a Preisen goung et an Holland, wou de Péiter zu Amsterdam Schëffszammermann geléiert huet, an duerno weider an England. Heen huet d'Manufakture grouss gefërdert, d'Schoulwiesen an d'Verwaltung reforméiert, a mëttel-westeuropäescht Gezei zesumme mat enger Baartsteier agefouert. Seng nei Erfarungen hunn him och gehollef eng staark a modern Arméi opzebauen an de Péiter, dee sech och fir d'Segelen intresséiert huet, huet zousätzlech Schëffer baue gelooss.

Am Groussen Nordesche Krich (1700–1721) huet de Péiter sech mat Schweden ëm d'Virherrschaft am Ostséiraum gestridden. 1703 huet en d'Ëmland vun der Newa eruewert an do d'Stad Sankt Péitersbuerg als Ostséihafen a Fënster zu Europa gegrënnt, déi e vu 1710 un ouni speziellen Ukas einfach sou als nei Haaptstad vum Russesche Räich bezeechent huet. Ee Joer virdrun, 1709, huet e mat der Schluecht bei Poltawa d'Krichsgléck trotz viregen zum Deel batteren Néierlagen definitiv zu senge Gonschte gedréit.

Bei enger Inspektiounsrees de 5. November 1724 ass owes e Stuerm opkomm an de Péiter huet gesi wéi net wäit vum Uwänner vum Lachta-Séi e Boot gekentert ass. Hien ass ouni ze zécke bis un d'Hëffen an d'äiskaalt Waasser gaange fir d'Matrousen an Zaldote vum Boot ze retten. Déi selbstlos Dot huet e Bloseleide verschlëmmert, wat zesumme mat enger Lieweratrophie dräi Méint drop fir den Zar mat just 52 Joer den Doud bedeit huet.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dee weiderhin "Zar" genannt gouf.